Radioen

On air

Notturno  |  Chilly Gonzales - Knight Moves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spëtzekandidaten "ecartéiert", mee net aus dem Rennen

EU-Sommet

Spëtzekandidaten "ecartéiert", mee net aus dem Rennen

D'Sich no de richtege Kandidate fir d'Spëtzeposten an der EU geet virun. D'Staats- a Regierungscheffe si sech um EU-Sommet net eens ginn. A gutt enger Woch soll virun diskutéiert ginn. Wéi kann dee Knuet opgeléist ginn? Ass de System vun de Spëtzekandidaten elo dout?

auto_stories

5 min

D'Danièle Weber ass 100,7-Korrespondentin zu Bréissel. Foto: Elke Weber (Archiv)

Et gouf laang Diskussiounen ouni Resultat op dësem EU-Sommet. D'Kandidaten, déi als Spëtzekandidaten an d'Wahle goungen, krute keng Majoritéit. Et geet ëm ee Pak vu Spëtzeposten, virop dee vum President vun der Europäescher Kommissioun. Ass de System vun de Spëtzekandidaten dout?

Weder am Europaparlament, nach bei den EU-Staats- a Regierungscheffe krut bis elo ee vun den dräi Spëtzekandidaten eng Majoritéit fir dee Posten ze kréien. Sinn de Manfred Weber (Europäesch Vollekspartei), de Frans Timmermans (Sozialisten), an d'Margrethe Vestager (Liberal) dann elo net méi am Rennen?

D'Interpretatioun doriwwer fält net bei jiddwerengem d'nämmlecht aus. De franséische President Emmanuel Macron seet, déi Kandidaten wieren elo "écartés". Fir de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel gouf bis elo keen ausgeschloss, et hätt ebe keen eng Majoritéit.

Wie gëtt dem Donald Tusk (riets) säin Nofolger als President vum EU-Conseil? Foto: European Union

Et ass awer elo ze fréi ze soen, datt de System vun de Spëtzekandidaten dout ass. Dee System ass jo net obligatoresch. Et muss kee sech, weder de Conseil (an deem d'Memberlänner zesumme sinn) nach d'Europaparlament drun halen.

Wat de Kommissiounspresident ugeet, musse sech déi zwou EU-Institutiounen awer eens ginn. Si sëtzen nämlech hei allen zwou um Hiewel: D'Memberlänner, well si de Kandidat fir Kommissiounspresident ze ginn nominéieren an d'Europaparlament, wat dono awer dee Kommissiounspresident wiele muss.

De Problem ass och, datt de System vu Spëtzekandidaten ënnerschiddlech verstane gëtt. Dat erënnert e bëssen un d'Diskussioun no de Wahlen zu Lëtzebuerg. D'EVP seet, deem System no ass et de Kandidat vun där Partei mat meeschte Stemmen, dee Kommissiounspresident gëtt. Déi aner Parteie soen: Dee Kandidat, deen dono eng Majoritéit am Parlament kritt, ass deen, deen op dee Poste gehéiert. Dat misst jo eigentlech och d'Reegel an der Demokratie sinn.

Lëtzebuerg ass do ee gutt Beispill: Obwuel d'CSV déi meeschte Stëmme krut, ass net de Claude Wiseler, mee de Xavier Bettel Premier ginn, well seng Partei, d'DP, eng Majoritéit konnt mat enger blo-rout-grénger Regierung forméieren.

Wéi kann dann do een Auswee ausgesinn?

Et muss ee Kompromësser fannen. D'Parlament setzt op inhaltlech Diskussiounen a féiert Koalitiounsgespréicher, mam Zil een Text auszeschaffen.

Dat héiert sech gutt un. Well d'Positioune vun de véier Parteien, déi do verhandelen (EVP, Sozialisten, Liberal a Gréng) deels zimlech wäit auseneeleien, ass d'Gefor grouss, datt den Text, op deen ee sech dono eenegt, éischter vag bleift. An dat ass dann och net onbedéngt eppes, wou een drop opbaue kann.

Dem Mario Draghi (lénks) säi Posten als President vun der Europäescher Zentralbank gëllt et och nei ze besetzen. Foto: European Union

Iergendwann eng Kéier léisst et sech och net vermeiden, datt iwwer Nimm geschwat gëtt, och am Parlament.

Et ass beim aktuelle Stand duerchaus méiglech, datt elo aner Nimm, wéi déi vun de Spëtzekandidaten an d'Spill bruecht ginn. D'Parlament sot bis elo, dat wier inakzeptabel. Mee och hei héiert ee scho bei Verschiddenen eraus, datt een eventuell Kompromësser géif maachen.

Zentral ass elo, wien als éischt mat enger Kombinatioun vun Nimm kennt, déi eng Chance hunn, eng Majoritéit ze kréien. An dat kéinten dann d'Staats- a Regierungscheffe sinn, déi a gutt enger Woch nees zesummesetzen. Si kéinten d'Parlament mat enger Lescht konfrontéieren, déi dann "à prendre ou à laisser" ass. Gëtt se am Parlament net ugeholl, geet dat Ganzt nees vu vir lass.

Nieft deene Personalfroe stoung och de Klimaschutz um Ordre du jour - et gouf drëms, déi grouss Linnen an der Klimapolitik vun der EU festzehalen. An do gouf et laang Diskussiounen?

Virum EU-Sommet hate schonn e puer EU-Diplomate virausgesot, datt et fir si eng zentral Fro op dësem Sommet géif: déi, ob d'EU sech dorop festleeë géif, d'Zil fir eng klimaneutral EU bis 2050 schrëftlech festzehalen an de Conclusioune vum EU-Sommet. Um Enn huet dëst Zil et no stonnelaangen Diskussioune just bis an d'Foussnoute gepackt.

Et gëtt elo am eigentlechen Text festgehalen, datt ee sécherstelle wëllt, datt eng Transitioun a Richtung vun enger klimaneutraler EU stattfënnt, sou wéi se am Paräisser Klimaaccord festgehale gouf. Do ass eng kleng (1) dohannert, déi op eng Foussnout verweist, wou dra steet: "Fir eng large Majoritéit vu Memberstaaten muss dës Klimaneutralitéit bis 2050 erreecht sinn".

Véier Länner, nämlech Polen, Ungarn, Tschechien an Estland hate sech dogéint gestäipt, dëst Zil esou festzehalen. Dobäi muss een awer soen, datt och aner Länner, zum Beispill Däitschland ganz laang gezéckt haten, éier se sech dofir decidéiert haten.

An et muss een och soen, datt verschidde Länner, dorënner Lëtzebuerg, drop gehalen hunn, datt d'Unanimitéit net opgehuewe gëtt. D'Sprooch vum klengsten Dénominateur commun ass dann dat, wat dono erauskënnt. No baussen ass dat net dee beschte Message. Virun allem net, wann ee bedenkt, dat vill Parteie bei de Wahle soten: Klima, dat ass eis wierklech wichteg!


E Résumé vum EU-Sommet vum Danièle Weber:

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.