Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat mécht den Donald Trump?

Konflikt USA-Iran

Wat mécht den Donald Trump?

D'Amerikaner ware praktesch prett fir e Géigeschlag géint den Iran ze organiséieren, seet de Jean Asselborn. Krichsaktioune kéinte fatal fir déi ganz Regioun sinn, esou de Lëtzebuerger Ausseminister.

auto_stories

2 min

D'US-Opklärungsdron, déi vum Iran erofgeschoss gouf, hätt 100 Milliounen US-Dollar kascht, huet de Lëtzebuerger Ausseminister präziséiert. De Sträitpunkt wier, ob d'Dron iwwer internationalem oder iraneschen Territoire erofgeschoss ginn ass, esou de Jean Asselborn de Moien no der Sitzung vun der aussepolitescher Chamberkommissioun.

Wat mécht den Donald Trump?

Dem Jean Asselborn no misst een ofwaarden, wat den US-President Donald Trump haut mécht. Der New York Times no, hätt den US-President Loftattacke géint den Iran gutt geheescht an hätt se an der Nuecht op haut gestoppt.

Gëschter wier am leschte Moment "zeréckgezu ginn", dat wieren Informatiounen, déi de Jean Aseselborn och vun der Lëtzebuerger Ambassade zu Washington kritt hätt, esou den Diplomatiechef.

"Mir mussen Holz upaken"

Mam Erofschéisse vun der US-Dron an de Sträit iwwer d'Plaz, wou dat geschitt ass, spëtzt de Konflikt tëschent den USA an dem Iran sech dramatesch zou, huet d'Noriichtenagence DPA de Moie geschriwwen. Krichsaktioune kéinte fatal fir déi ganz Regioun sinn, seet den Ausseminister:

"Ech weess awer och, datt selbstverständlech den Iran a mengen Aen op jiddwer Fall net onbedéngt muss de President Ruhani sinn, deen agéiert, mee datt do d'Revolutiounsgarden, Hisbollah ganz staark Moyenen hunn. Mir mussen Holz upaken, datt et net zu engem Eclat kënnt, wou trotzdem da géif eng Riposte vun den Amerikaner kommen."

Iwwer déi rezent Entwécklunge misst ee sech Suerge maachen, esou de Moien och d'DP-Fraktioun an d'CSV-Fraktioun.

Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler hofft, datt e Krich kann evitéiert ginn. Dem DP-Fraktiounschef Eugène Berger no wieren d'Unzeechen esou, datt et trotz dem aktuelle "Säbelrasselen" net zu engem Krich tëschent den USA an dem Iran kéim. Zum Thema USA-Iran wollt d'ADR sech haut net äusseren.

Reaktiounen zu Aussoe vum Dan Kersch

Iwwer dem LSAP-Minister Dan Kersch seng Menace vu virun enger Woch op Facebook, sech aus der Regierung wëllen zeréckzezéien, wa Lëtzebuerg sech un engem eventuelle Krich géint den Iran géif bedeelegen, wollt den Ausseminister Jean Asselborn näischt soen.

D'Aktioun vum Aarbechtsminister misst een als e "Publicity-Stunt" qualifizéieren, esou haut den DP-Fraktiounschef Eugène Berger.

D'Form, wéi de Minister Dan Kersch sech de leschte Freideg ausgedréckt huet, wier net acceptabel, fënnt de Claude Wiseler. Bei wichtege Sujete misst eng Regierung aus engem Mond schwätzen, esou den CSV-Deputéierten. Wann e Minister Bedenken huet, da misst hie se an der Regierung ausdrécken.