Spezialemissioun: Parteien stëmme fir Dräierkoalitioun

Déi nei DP-LSAP-Gréng-Regierung gëtt de Mëtteg um 15h30 am Palais vereedegt. D’Partei-Gremien hu gëschter Owend gréng Lut fir de Koalitiouns-Accord a fir déi respektiv Regierungs-Equipë ginn.

De "Comité directeur" vun der Demokratescher Partei war am Centre ARCA zu Bartreng zesummen. De Vote fir déi 7 DP-Regierungsmembere war eestëmmeg. Fir de Koalitiounsaccord goufen et 40 JO-Stëmmen an zwou Enthalungen. De Bäitraag vum Serge Kesseler:

 

Bei der LSAP goufen et gëschter zur Designatioun vum Pierre Gramegna als Finanzminister kritesch Stëmmen an dat net nëmme wëll den Generaldirekter vun der Chambre de Commerce net mat an d’Chamberwahle war. D'Carole Schimmer war gëschter Owend um Kongress vun de Sozialisten am Casino Syndical zu Bouneweg:

 

Um ausseruerdentleche Kongress vun déi Gréng an der Abtei Neimünster, war gëschter déi parteiintern Demokratie en Thema: An dat net just wéint dem Hin-an-Hier ronderëm d’Publikatioun vum Koalitiounsaccord. De Bäitraag vum Pia Oppel:

 

Den 100,7-Journalist Jean-Claude Franck mat enger Analys vun de Parteikongresser an den Erwaardungen un d'DP-LSAP-déi Gréng-Regierung. D'Froen stellt de Philippe Hansen:

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - Valerija Berdi

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen