Radioen

On air

De Moien  |  Flyte - Amy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spideeler: Héich Unzuel un Intensivpatiente mécht Suergen

Gesondheetssecteur

Spideeler: Héich Unzuel un Intensivpatiente mécht Suergen

Iwwer de Weekend wieren d'Hospitalisatioune stabel bliwwen, esou d'Spideeler op Nofro hin. Déi héich Unzuel u Covid19 Patienten op den Intensivstatioune mécht awer Suergen. D'Spideeler stéingen alleguer kuerz virun der nächster Phase, an där weider Aktivitéite mussen erofgeschrauft ginn.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


Zu Esch am CHEM wier d'Situatioun weiderhi kritesch. Hei wiere scho 50 Prozent vun der programméierter Chirurgie erof gefuer ginn, fir Plaz fir Covid19 Patienten ze maachen, sou den Dr. Serge Meyer, Responsabel fir d'Krisenzell am Spidol. "Eis Phase 3 hält mat eelef Leit an de Soins intensifs op a mat 47 an de soins normauxen." Säi Spidol wier zënter leschter Woch an der Phas 4, alleguer déi aner wieren entweder och an där Phas, oder no drun.

Am CHL wieren den Ament 9 Covid19 Patienten op der Intensivstatioun, dovunner dräi intuvéiert, erkläert den Dr. Romain Nati, Direkter vum Centre Hospitalier.

"Wann do d'Zuele sollte weider an d'Luucht goen, an dee Risk ass weiderhi latent, da misste mir Personal, Anästhesisten an Infirmier-Anästhesist aus dem Block ofzéie fir déi zousätzlech intensivmedezinesch Better betreien ze kënnen an dat hätt als Konsequenz datt mir misste weider Aktivitéiten deprogramméieren. Fir de Moment si mir nach net sou wäit."

Positiv wier dem Dr. Romain Nati no awer, datt d'Ausfäll vum Personal sech géifen equilibréieren an och stabiliséieren. Dat an all de Spideeler. Och den Trend vun den Hospitalisatioune géif an eng positiv Richtung goen, och wann et nach ze fréi wier fir eng Konklusioun ze zéien. D'Stabiliséierung vun den Hospitalisatioune wier dem Direkter vum CHL no multifaktoriell. D'Transmissioun vum Virus an der Bevëlkerung kéint zum Beispill ofgeholl hunn, an et géifen och manner al Leit aus den Altersheemer hospitaliséiert ginn. D'Couverture médicale duerch d'Generalisten hätt sech verbessert, dat géif een och am Spidol mierken, doduerch datt et och méiglech ass eng Partie Leit an de Strukture selwer ze behandelen a se net direkt an d'Spidol ze schécken.

Trotzdeem kéinten d'Spideeler d'Situatioun op dem Doten Niveau just e puer Woche packen, esou den Dr. Serge Meyer. D'Equipe wieren ugespaant.