Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Gobocop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Spire Global ass och eng perséinlech Geschicht"

Weltraumressourcen

"Spire Global ass och eng perséinlech Geschicht"

Spire Global ass mëttlerweil déi siwent Weltraumentreprise, déi hiren europäesche Sëtz zu Lëtzebuerg grënnt. Dës Woch huet d'US-Firma e Kooperatiounsaccord mat der Lëtzebuerger Regierung ënnerschriwwen. Wat mécht de Grand-Duché als europäesche Standuert esou speziell?

auto_stories

3 min

Spire Global spezialiséiert sech op de Bau vu Satellitten, déi d'Wieder viraussoe kënnen. De gebiertegen Éisträicher Peter Platzer, Generaldirekter vun der US-Entreprise, koum op d'Iddi, wéi hie mat senger Fra an Éisträich wandere war. Duerch eng falsch Wiederprevisioun hu si missen zwee Deeg op enger Hütt an iwwer 3.000 Meter Héicht verbréngen. Duerch dee ville Schnéi, iwwer deen de Peter Platzer a seng Fra net informéiert waren, koume si net méi vum Bierg erof. D'Wiederprevisiounen musse besser ginn, war dem Peter Platzer seng Visioun.

"Ganz vill Schied op der Welt entstinn duerch eng falsch Wiederprevisioun. Meng Dramvirstellung ass et, d'Wieder esou genee wéi méiglech virauszesoen: Fir déi räich Leit, déi op de Bierger wanderen an déi aarm Leit an den Entwécklungslänner, déi hiert Feld beschaffen."

"Esou grouss, wéi eng Fläsch Wäin"

Viru fënnef Joer huet de Peter Platzer d'Satelittenentreprise Spire Global als Start-up Firma gegrënnt. Mëttlerweil sinn hei 130 Mataarbechter beschäftegt. Haaptsächlech zu San Fransisco (USA) an zu Glasgow (Schottland) produzéiere si Satellitten, déi ongeféier "esou grouss wéi eng Fläsch Wäin" sinn. Zu Lëtzebuerg wëllt d'Firma an d'Zukunft d'Daten auswäerten, déi hir Satellitten aus dem Weltall op d'Äerd schécken.

Lëtzebuerg investéiert den Ament a sougenannt Supercomputeren, déi och fir Spire Global an hir Datenanalysen interessant sinn, esou de Peter Platzer.

"De Supercomputer ass ee Beräich, dee mir an eise Gespréicher speziell diskutéiert hunn. D'Auswäerte vun Date fir d'Wiederprevisiounen ass eng vun de gréisste 'Big Data Analytics' Geschichten. Mir brauchen also esou héich performant Computeren."

Schwéier Leit ze fannen, mä net onméiglech

Spire Global wëllt hiren europäesche Sëtz zu Lëtzebuerg grënnen. Eng Plaz fir d'Büroe wier scho fonnt, esou de Peter Platzer. "Ech kann awer nach net soen, wou genee, well nach näischt ënnerschriwwe gouf. Ech ka just soen, datt et wäert an der Stad Lëtzebuerg sinn." Et soll e Büro sinn, dee fir déi ronn 20 Plazen, déi Spire Global dëse Freideg schonn ausgeschriwwen huet, duergeet. An deenen nächste fënnef Joer wëllt d'Firma eleng zu Lëtzebuerg 250 Plaze schafen. D'Raimlechkeete solle fir déi nei Mataarbechter kënnen ausgeweit ginn.

"Ech sinn iwwerzeegt, datt mir gutt Mataarbechter fannen. Mä Ingenieuren a Mathematiker ze fannen ass net esou einfach. Wat Lëtzebuerg auszeechent, ass, datt d'Land ganz oppe mat Visaen ëmgeet. Déi richteg Leit mat deene richtege Kompetenze ginn et eben net just op enger eenzeger Plaz op der Welt."

De Luxembourg Future Fund, dee virun zwee Joer am Abrëll vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider an d'Liewe geruff gouf, investéiert 15 Milliounen Euro an d'US-Entreprise Spire Global. Dobäi komme ronn zéng Milliounen Euro, déi Lëtzebuerg wëllt fir Fuerschungsprojeten a Lëtzebuerg zur Verfügung stellen.

Spire Global rechent domat, an deenen nächsten zwielef Méint scho Profit ze maachen, esou de Generaldirekter Peter Platzer.