Radioen

On air

Notturno  |  The Black Progression - Morphine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spotify geet un d'Bourse

Wirtschaftschronik

Spotify geet un d'Bourse

Dee weltwäit gréisste Musek-Streaming Service Spotify geet op ongewéinlechem Wee un d'Bourse, mat enger sougenannter "Direktplazéierung". Dat kéint e Modell gi fir aner grouss innovativ Entreprisen, wéi Uber an Airbnb. De groussen Investmentbanke kéinten domat vill Recettë verluer goen. Mä de Choix vu Spotify ass mat héije Risike verbonnen, a wat dobäi eraus kënnt ass och wichteg fir d'Zukunft vum Musek-Business, mengt de Pierre Reyland.

auto_stories

4 min

Pierre Reyland, Journalist beim radio 100,7

Spotify mécht et eben anescht. A geet un d'New Yorker Bourse ouni déi normal Participatioun a Garantië vu grousse Banken. Den Haaptgrond dofir ass awer net fir dem Image als cool, jonk an innovativ Entreprise gerecht ze ginn, mä fir Suen ze spueren. Well trotz sengem Succès, an engem Chiffre d'affaires, dee weider klëmmt, mécht dee weltwäit gréisste Musek Streaming Service bis haut nach ëmmer kee Benefice.

De Nettoverloscht ass zejoert op 1,23 Milliarden Euro geklommen, weisen d'Resultater. Déi iwwregens ëmmer hei zu Lëtzebuerg ugekënnegt ginn. Déi u sech schwedesch Firma Spotify Sweden AB, mat Haaptquartéier zu Stockholm, ass nämlech eng Filial vu Spotify Limited, mat Haaptquartéier zu London; an déi ass nees eng Filial vu Spotify Technologies SA, der Holding Gesellschaft, déi hei zu Lëtzebuerg registréiert ass.

Ouni d'Banken

Mä der Rei no: Normalerweis ginn Entreprisë mat engem sougenannten IPO - Initial Public Offering - un d'Bourse. Dat heescht, d'Firma probéiert duerch d'Ausgab vu neien Aktie Kapital opzedreiwe fir ze wuessen oder fir Scholden ofzebauen. A beoptraagt zu deem Zweck e Konsortium vu grousse Banken an aneren Experten. Si schaffen e Plang an eng Story aus, mat engem detailléierte Bourse-Prospekt. D'Firma presentéiert sech dann op enger sougenannter "Road Show" am steet intresséierten Investisseure Ried an Äntwert. Um Enn leeën d'Banken och e Präis fir d'Aktie fest.

Bei enger Direktplazéierung, sou wéi Spotify et mécht, ginn d'Aktie par konter direkt op d'Bourse placéiert. Et gi keng Banke beoptraagt, fir d'Aktien erauszeginn an de Präis ze bestëmmen. Am Plaz sollen d'Kaf- a Verkafs-Offeren um Dag vun der éischter Notatioun iwwert de Startpräis vun den Aktien decidéieren. Doduerch spuert Spotify Milliounen.

E Präzedenzfall?

D'Banke kucke mat enger gewësser Nervositéit op dës Entwécklung. Wann et fonctionnéiert, kéinten nämlech och grouss amerikanesch Technologie- an digital Entreprisen, wéi Airbnb oder Uber, dëse Wee un d'Bourse goen, ouni vu Banke begleet ze ginn. Dës Begleedung ass e wesentlechen Deel vum Investment-Banking Business.

D'Direktplazéierung op der Bourse bréngt allerdéngs grouss Risike mat sech. Virum allem deen, datt et beim Wäert vun de Spotify Aktien zu grousse Präis-Schwankunge komme kéint. Zum Beispill, wann de New York Stock Exchange um Dag vun der éischter Notatioun e schlechten Dag erwëscht huet. An deem Fall huet Spotify kee Réckhalt vun Emissiounsbanken, déi d'Aktie géife stäipen.

Héich Käschten

Derbäi komme Froen, wéi gutt de Business Modell vu Spotify fonctionnéiert. D'Firma lackelt potentiell Investisseure mat Zuelen un. Spotify wär haut ronn 23 Milliarden US Dollar wäert; an d'Zuel vun deenen, déi Musek iwwert Spotify streamen, wier op ronn 160 Millioune geklommen.

Dovu sinn der awer nëmmen 71 Milliounen, déi och derfir bezuelen, iwwert en Abonnement. Déi aner lauschtere gratis, quitt datt se da Reklamme mussen iwwer sech ergoe loossen, déi Spotify natierlech och Recetten abréngen. Ma och bei den Droit d'Auteuren, déi Spotify bezuele muss, klammen d'Käschte fir d'Entreprise. Am Januar huet déi amerikanesch National Music Publishers Association nämlech eng wichteg juristesch Victoire erreecht. Am Sträit iwwert d'Droit d'Auteuren, déi Spotify an den USA fir hire Museks-Streaming bezuele muss. D'Rechnung fir Spotify klëmmt dowéinst pro Joer ëm Dosende Milliounen Dollar.

Kee Wee laanscht Spotify

Et bleift also ofzewaarden, op Spotify op der Bourse e grousse Succès gëtt. Bei ville Museker ass Spotify iwwregens onbeléift, a si wëllen hir Musek net op der Plattform disponibel maachen - ebe well si do vun de net-Abonnente gratis ka gelauschtert ginn, an d'Museker also nees op Droit d'Auteure verzichte mussen. Ënner anerem dowéinst hat zum Beispill och déi amerikanesch Singer- a Songwriterin Taylor Swift, eng vun de Musekerinnen déi zejoert am meeschte verdéngt huet, laang refuséiert, fir op Spotify gestreamt ze ginn. Dat ass awer elo net méi sou - d'Taylor Swift ass, wéi all déi aner, mat virbäi op de Streaming Lëschte vu Spotify. Vläicht e Beweis dofir, datt Spotify awer am gaangen ass an der Museksbranche dat ze ginn, wat wat Netflix fir d'Film- a Video-Branche gouf.