Radioen

On air

Notturno  |  Jonathan Wilson - Marzipan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Denonciatioun beim Parquet

Geheimdéngscht

Keng Denonciatioun beim Parquet

De Geheimdéngscht huet d'Kommunikatioun vun enger Persoun méi laang wéi autoriséiert ofgelauschtert. D'Regierung, d'SREL-Direktioun an d'Kontrollkommissioun vun der Chamber hunn d'Justiz net mam Tëschefall saiséiert. D'Oppositioun kritiséiert dat.

auto_stories

3 min

(Foto: © Bigstock)

De Staatsminister huet der parlamentarescher Institutiounekommissioun confirméiert, datt hien net Wëlles hätt, d'Affär beim Parquet ze denoncéieren ze maachen. De Xavier Bettel argumentéiert, et wier ee reng administrative Feeler geschitt: "De Feeler geschitt an engem Betrib an deem Leit schaffen." Et hätt kee versicht eppes Illegales ze maachen, esou de Premier.

Fir d'Majoritéit ass d'Affär klasséiert

Den DP-Fraktiounschef Eugène Berger seet, fir seng Partei wier d'Affär klasséiert. Eng Denonciatioun beim Parquet wier net néideg. Dat géifen och d'Fraktiounscheffe vun déi Gréng, LSAP an CSV, déi den 10. Mäerz an der Geheimdéngschtkontrollkommissioun iwwer den Tëschefall informéiert goufen esou gesinn.

"Dat ass einfach d'Ofschätzung gewiescht vun de verschiddenen Instanzen, déi musse per Gesetz informéiert ginn iwwer esou ee Virfall. Och d'Kontrollkommissioun ënnert der Presidence vum Claude Wiseler ass zu där Conclusioun komm."

CSV: Gesetzeslag ass kloer

Den CSV-Deputéierte Gilles Roth ass net averstane mat der Positioun vun der Kontrollkommissioun, och wann déi vu sengem Parteikolleg, dem CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler presidéiert gëtt. D'CSV wëll elo vum grénge Justizminister Félix Braz wëssen, wéi hien d'Gesetzeslag an dësem Fall aschätzt.

D'Juristen, déi d'Partei consultéiert hätt, hätten déi "nämmlecht Liesaart vum Artikel 23 vun der Strofprozessuerdnung wéi mir dat hunn", esou de Gilles Roth. Et wier eenzeg an eleng um Parquet fir z'appreciéieren, ob et zu Poursuitë kënnt. "An et opläit net enger administrativer Autoritéit fir nach Gutdünke seet, ob ee Fait bei de Parquet denoncéiert gëtt oder net.

Den CSV-Deputéierte kritiséiert an deem Kontext och d'SREL-Direktesch Doris Woltz, well si den Dossier net un d'Justiz weider ginn hätt: "Ech si bëssi erstaunt, fir net ze soen erféiert, datt eng fréier Procureure d'Etat adjointe, déi an der SREL-Affär 2013 eng ganz Positioun ageholl hat, net op dee Wee gaangen ass."

ADR: Firwat verzicht Premier op Denonciatioun?

Fir den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen ass dës Situatioun "ee Skandal". Wann de Premier zur Iwwerzeegung komm wier, datt de Feeler net intentionell geschitt wier, dann hätt hien déi Informatioun esou un de Parquet kënne viru ginn. Dann hätt deen dat och esou festgestallt.

Den ADR-Deputéierte stellt d'Fro, ob de Xavier Bettel vläicht géif fäerten, datt de Parquet kéint zu enger anerer Conclusioun kommen. De Staatsminister an "alleguer déi hannendrun och" géifen hei "déif am Bulli sëtzen.

Datt d'Justiz sech an dësem Dossier selwer saiséiert schéngt iwwerdeems onwahrscheinlech: Op Nofro hinn heescht et, datt de Parquet fir den Ament keng Enquête opmécht well a priori keng Infraktioun z'erkenne wier.

Déi Lénk: Schwaach parlamentaresch Kontroll

De lénken Deputéierte Marc Baum mengt, datt eng Enquêtekommissioun eng Optioun wier fir fir Kloerheet ze suergen.

De grondsätzleche Problem wier, datt ouni de Leak an der Press d'Parlament net iwwer dësen Dysfunktionnement beim SREL informéiert gi wier: "Well d'Kontrollkommissioun gëtt zwar Saache gewuer, mee se muss se eigentlech fir sech selwer behalen. Dat heescht d'Suitë bleiwen exklusiv bei der Exektutiv an d'Legislativ eigentlech net wierklech konsequent doriwwer informéiert."