E Prozess nach an dësem Joer wier quasi ausgeschloss, well et am Hierscht wéinst anere gréissere Prozesser terminlech Contraintë ginn.
Dräi Persoune musse sech viru Geriicht veräntwerten: De fréiere Geheimdéngscht-Chef Marco Mille a seng zwee fréier Mataarbechter André Kemmer a Fränk Schneider. Si kréie virgehäit, geheim Informatiounen aus dem Geheimdéngscht matgeholl a weidergeleet ze hunn. An de Geschäftsmann an Techniker Loris Mariotto illegal ofgelauschtert ze hunn.
Datt et esou laang gedauert huet fir de Prozess nei unzesetzen, läit u Plainten, déi de Marco Mille an de Fränk Schneider Enn 2017 gemaach hunn. Si hunn eng vun de Piècen am Dossier vum Untersuchungsriichter kontestéiert. Ouni Erfolleg: Déi Plaintë sinn als net fondéiert verworf ginn. Dat huet d'Chambre du Conseil vun der Cour d'Appel d'lescht Woch confirméiert.
D'Srel-Affaire war ee vun de groussen Ausléiser fir d'Neiwahlen am Oktober 2013. D'CSV-LSAP-Regierung vum Jean-Claude Juncker ass an d'Bréch gaangen, nodeems eng ganz Partie Dysfonctionnementer am Geheimdéngscht bekannt goufen. Am Srel-Prozess, deen d'nächst Joer soll iwwer d'Bühn goen, geet et just ëm een Deel vun der Affaire. Aner juristesch Volete si verjäert oder nach an der Instruktioun.
De Jean-Claude Franck am Panorama um 12 Auer: