Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staatlech Dotatioun u Gemenge gëtt méi gerecht verdeelt

Gemengefinanzen

Staatlech Dotatioun u Gemenge gëtt méi gerecht verdeelt

D'Reform vun de Gemengefinanzen ass zënter dem éischte Januar a Kraaft. Dem Inneminister Dan Kersch no hätt si elo schonn hiert Haaptzil erreecht. Déi staatlech Dotatioun, déi de Gros vun de Gemengerecetten ausmécht, gëtt méi gerecht verdeelt. Virun allem Gemengen, déi méi mat soziale Problemer ze kämpfen hu wéi anerer, kréien och méi finanziell ënnert d'Äerm gegraff.

auto_stories

4 min

Ongeféier 1,7 Milliarden Euro transferéiert de Staat pro Joer un déi 105 Gemengen am Land. Déi Sue maachen de Gros vun hirem Akommes aus. Verdeelt ginn dës Suen zënter der Reform vun de Gemengefinanzen no fënnef Kritären. D'Sue gi verdeelt no:

  • Der Populatioun, wat eng 80 Prozent ausmécht
  • Den Aarbechtsplazen
  • Der Fläch vun der Gemeng
  • De Sozialwunnengen
  • No engem neie sozio-ekonomeschen Index, deen de Statec fir all Gemeng berechent huet. Dobäi ginn de Chômage, d'Zuel vu Leit, déi den RMG kréien, de mëttlere Loun, der Zuel vun Een-Eltere-Stéit an dem Undeel vu Residenten, déi an Niddreg-Loun-Beruffer schaffen, matagerechent.

Ongeféier zéng Prozent vun den Transferten un d'Gemengen hänke vun dësem sozio-ekonomeschen Index of. Wolz, dat an deem Klassement am schlechtsten ewech kënnt, kritt elo eng 30 Prozent méi Sue vum Staat. D'Gemengen Esch, Déifferdeng an Ettelbréck, déi duerno kommen, kréie ronn zéng Prozent, respektiv 14 an 20 Prozent méi Suen.

"E positive Bilan vun der Reform"

Ouni deen neien Index kréichen 89 Gemengen no der Reform manner Suen, seet den Dan Kersch. Den LSAP-Inneminister zitt elo schonn e positive Bilan vu senger Reform vun de Gemengefinanzen

Mat der Gemengefinanz-Reform wollte mir d'Moyenne vum Land vis-à-vis vun der Gemeng, déi am mannste kritt, méi no unenee kréien.

Deen Ënnerscheed wier vun ongeféier 48 Prozent op 20 Prozent gefall. Och tëschent de véier Bezierker wieren d'Ënnerscheeder an der Moyenne méi kleng ginn, esou den Dan Kersch.

Virun der Reform hate mir en Ënnerscheed tëscht dem Norden, deen am Beschten ewech kënnt an dem Süde vun 8,3 Prozent. Duerch d'Reform kritt den Norde pro Awunner zwar nach ëmmer am Meeschten. Mä den Ënnerscheed tëscht de Bezierker gëtt wesentlech méi kleng a wäert an Zukunft nëmmen nach 2,6 Prozent hunn.

D'Zuele vun der Stad Lëtzebuerg géingen hei net matagerechent ginn, well si d'Berechnung duerch déi besonnesch Situatioun vun der Stad géinge verfälschen.

Bedenken iwwer de Kompensatiouns-Mechanismus

Am grousse Ganzen hunn d'Gemenge méi Sue kritt. Um soziale Plang wier den Effet vun der Reform vun de Gemengefinanze positiv, gesäit och den CSV-Politiker Emile Eicher an. De Buergermeeschter vu Klierf a President vum Gemengesyndikat Syvicol huet awer Bedenken, wat de Kompensatiouns-Mechanismus betrëfft. Gemengen, déi elo duerch d'Reform verléieren, kréien duerch dee Mechanismus zwar grad esouvill Sue garantéiert, wéi si am Joer 2015 kritt hunn. D'Personalkäschte géingen awer reegelrecht explodéieren, esou den Emile Eicher.

Do kënnt elo d'Ëmsetzung vun den Accords salariauxen. Déi wäerten d'Gemengen en décke Batz kaschten. Ech denken do just zum Beispill un eis Maison relaisen, un d'Altersheimer an d'Kliniken. Bei de Servicer, déi sozio-economique sinn, gëtt et eng Hausse vu 16 Prozent an engem Joer.

Landgemengen hätte keng Chance, fir déi Verloschter guttzemaachen, well si net méi dierfe wuessen, seet den Emile Eicher. A virun allem flächeméisseg grouss Landgemenge missten och méi Käschten droen.

Wéinst der Topographie wiere méi Kläranlagen néideg wéi am städtesche Raum, och den Transport vu Schoulkanner wier wéinst den Distanze méi deier.

Populatiounszuel muss am Grëff gehale ginn

De President vum Syvicol mécht och op d'Konsequenze vun der Landesplanungs-Reform opmierksam, déi nach solle kommen. Do gëllt de Prinzip, datt kleng Gemengen hir Populatiounszuel mussen am Grëff behalen, während just städtesch Gemenge solle wuesse kënnen:

Vill Gemenge kréie kee finanzielle Wuesstem, wann de Gros vun de Suen iwwer de Facteur vun de Leit verdeelt gëtt an d'Bevëlkerung net ka vergréissert ginn. Och dat kann dono e gréisseren Impakt kréien.

No der Reform vun de Gemengefinanze misst dem Inneminister Dan Kersch no nach eng zweet Reform kommen. An zwar eng Reform a Bezuch op d'Co-Finanzéierung duerch de Staat vu punktuelle Gemenge-Projeten:

Den Inneministère ass deen eenzegen, dee seng Subside-Politik vis-à-vis vun de Gemengen u Kritäre bënnt. Dat heescht, et kritt een net vu vir eran e gewëssene Prozentsaz. Mir kucken hei also éischter no der finanzieller Situatioun vun der Gemeng, an decidéieren dann, wat mir bäileeën. Do ass et duerchaus méiglech, datt sougenannt räich Gemengen näischt kréien, wa si eng Schoul bauen, während Gemengen, déi wesentlech méi aarm sinn, kënnen bis zu 41 Prozent bäigeluecht kréien.

Méi héich Hëllef bei schlechter finanzieller Situatioun

Dem Syvicol-President Emile Eicher géife staatlech Co-Finanzementer fir Gemengeprojeten elo schonn deelweis no bestëmmte Kritären accordéiert ginn. Och elo scho géing ee bei enger méi schlechter finanzieller Situatioun an der Gemeng bei der Co-Finanzéierung eng méi héich Hëllef kréien. Dat wier awer och am Tourismusberäich schonn de Fall.

Hei gëtt och zum Beispill en Ënnerscheed gemaach, ob Hoteller oder aner Infrastrukturen an der Stad oder um Land solle co-finanzéiert ginn. Do gëtt dann éischter aus där anerer Perspektiv eraus gekuckt, nämlech, wou ass de Besoin am héchsten.

Fir den Emile Eicher kéint een awer net all Investitioun no deene selwechte Kritäre bewäerten. Do misst ee vu Projet zu Projet kucken.