Staatlech Hëllef: EU Kommissioun wëll géint Lëtzebuerg kloen

D’EU-Kommissioun wëll géint Lëtzebuerg kloen, well d’lëtzebuerger Regierung refuséiert huet op eng Informatiounsdemande vu Bréissel anzegoen. Den EU-Kommissär fir d’Konkurrenz Joacquin Almunía huet ons op Nofro hin schrëftlech matgedeelt, datt hie Wëlles huet eng Infringement procedure ze proposéieren, an anere Wieder eng Klo virum europäesche Geriichtshaff anzereechen, wéinst Rechts-Verstouss.

D’lëtzebuerger Regierung hat gëschter annoncéiert géint d’Demande vun der bréisseler Exekutive wëllen ze resistéieren. D’EU-Kommissioun hat virun engem Mount zousätzlech Informatiounen iwwert d’staatlech Hëllef verlaangt, ënnert anerem wat steierlech Arrangementer mat grousse Betriber oder sougenannt tax rulings ugeet.

Hei d'Déklaratioun vum Joaquín Almunia, déi d'EU-Kommissioun dem 100,7 matgedeelt huet:

"Following the information injunctions by the Commission ordering Luxembourg to submit information on tax practices, Luxembourg failed to deliver the requested information to the Commission within the deadline. We need this information to assess whether certain tax practices are compatible with EU state aid rules. In those circumstances I intend to propose the launch of an infringement procedure against Luxembourg, with a view to referring this matter to the Court of Justice."

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen