Staatlech Hëllef: Regierung kontestéiert Informatiouns-Demande vun der EU-Kommissioun

D’Regierung huet decidéiert d’Demanden vun der europäescher Kommissioun fir méi detailléiert Informatiounen iwwert gewësse steierlech Praktiken ze kréien, virun den europäeschen Geriichts-Instanzen ze kontestéieren. D’Kommissioun hat de 24. Mäerz weider Informatiounen iwwer d'sougenannt “Tax rulings” verlaangt, nämlech d’Praktik, déi et Betriber erlaabt am viraus gewuer ze ginn, wéi héich hier Steierlaascht wäert sinn. Donieft wollt d'bréisseler Exekutive Informatiounen iwwert d’Besteierung am Beräich vun der intellektueller Propriétéit.
An der Chamber sot de Finanzminister Pierre Gramegna am spéide Mëtten, d'Regierung wéilt "resistéieren", well se der Meenung ass se hätt juristesch Recht :
 
 
De Spriecher vum EU-Kommissär fir Konkurrenz Joaquín Almunia, den Antoine Colombani, sot ons virun engem Mount d'Argument vun der lëtzebuerger Regierung wier net gerechtfertegt, datt d'Informatiounen déi gefrot ginn ënnert d'Steiergeheimnis géinge falen.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen