D'lescht Joer hu 84 Jonker an den Heemer gewunnt, mä just 80 Plaze ware virgesinn. Der neier Direktesch vun de staatleche Kannerheemer no, missten deemno déi ambulant Servicer ausgebaut ginn. Mä och an dat neit Departement, dem Centre de Ressource, misst investéiert ginn, fuerdert d'Carine Kelsen.
"Fir de Kanner och d'Méiglechkeet ze gi weiderzekommen, si individuell ze betreien, fir datt och e Retour an hir Famill iergendwann ka méiglech ginn". Et bräicht een net onbedéngt méi Plazen, mä besser Plazen.
60 zousätzlech Posten
Fir datt d'Strukture kënnen ausgebaut ginn, brauchen déi staatlech Kannerheemer ronn 60 zousätzlech Personalposten, seet d'Carine Kelsen. "Den Ament hu mir 99 Posten. Fir eise Besoine gerecht ze ginn, brauche mir iwwer 150 Persounen". D'Reform vun de staatleche Kannerheemer gesäit eng Opstockung vum Personal vir. Eleng dëst Joer wiere schonn zwielef zousätzlech Posten dobäi komm. "Mir sinn och zouversiichtlech, datt mir de Rescht vun de Poste kréien".
Beamtestatut mécht Problemer
Et wier allerdéngs schwéier erfuerent Personal ze fannen. Grond wier d'Reform vum Beamtestatut, déi eng Verlängerung vun der Stagezäit op dräi Joer virgesäit, erkläert déi nei Direktesch.
"Mir hu Problemer, erfuere Leit ze fannen, déi eriwwer an de Staatssecteur wiesselen. Well si dann nees an de Stage falen an op Deeler vun hirer Pai musse verzichten".
D'Aarbecht an engem Kannerheem géif vill Courage vun den Erzéier fuerderen. "Et muss ee sech emotional vun deene Kanner beréiere loossen, et muss een op der anerer Säit awer och déi néideg Distanz halen, fir datt een net selwer vun deene Problemer iwwerwältegt gëtt."
Ënnerschiddlech Problemer
Bei 74 Prozent vun all de Fäll ass et d'Geriicht, dat decidéiert, datt e Kand vun doheem fort muss. D'Grënn wiere ganz ënnerschiddlech an d'Problemer wieren net méi déi selwecht, wéi nach virun 20 Joer. "Dacks hunn d'Eltere psychesch Problemer, sinn drogenofhängeg oder d'Kanner musse scho selwer no hirer Gebuert en Entzuch matmaachen".