Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - In Care Of 8675309

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Land erëm fit maachen"

Staatsbudget 2017

"D'Land erëm fit maachen"

De Budget fir 2017 wier kohärent, seet de Finanzminister Pierre Gramegna. D'Budgetspolitik wier keng "PR" fir Wieler ze gewannen, mee den Zukunftspak géif gräifen. D'Staatsfinanze wiere sanéiert, elo wéilt een eng qualitativ Croissance erreechen.

auto_stories

3 min

De Finanzminister Pierre Gramegna

De Staat hätt an de leschten dräi Jore vill besser Chiffere geschriwwen, wéi virgesinn, betount de Pierre Gramegna. Wéi déi blo-rout-gréng Regierung 2013 ugetrueden ass, wieren d'Staatsfinanzen an engem schlechten Zoustand gewiescht. Elo géif den Zukunftspak seng Effete weisen."D'Chifferen hunn deemools vill Saachen net zougelooss. Wa si dat haut zouloossen, dann ass et, well mir gutt gewirtschaftet hunn."

De Finanzminister betount, datt een de Wieler mam Budget fir dat nächst Joer keng "PR" wéilt maache fir Wieler ze gewannen. D'Budgetspolitik wier mat Chifferen ënnermauert. "Wann d'Liewen esou einfach wier, datt een als Regierung ka flott Saache maachen, just well een dat wëllt - da géif all Mënsch gäre Politik maachen."

Rekord-Investissementer?

Dem Pierre Gramegna no ass de Budget kohärent mam Wirtschaftszyklus, mee och mat deem, wat een uganks der Legislaturperiod gesot huet. Et hätt een et fäerdeg bruecht, d'Staatsfinanzen ze sanéieren. Elo géif et dorëm goen, fir d'Land erëm fit ze maachen. Déi meescht Depensen, déi d'Regierung mécht, géife sech aus deem Grond an den Investissementer erëm fannen. De Pierre Gramegna wënscht sech eng qualitativ Croissance. "Esou vill ass an dësem Land nach ni investéiert ginn," betount de Minister. D'Investissementer géifen d'Liewensqualitéit besser maachen an d'Kompetivitéit stäerken.

Duerch d'Investissementer an d'Steierreform bréngt de Budget fir d'nächst Joer eng Milliard Defizit beim Zentralstaat. De Pierre Gramegna seet dozou, an der Regierungskoalitioun wier ni gesot ginn, et géif een d'Scholden am Absoluten niddereg halen. Et hätt ee sech als Zil gesat, manner wéi 30 Prozent vum Räichtum als Schold opweises ze hunn. Dat Zil wier mat aktuell ronn 20 Prozent erreecht. "Mir si wäit ënnert där Linn, déi mir eis ginn hunn."

An den nächste Méint wéilt een en Emprunt maachen, dat wier awer deen éischten an dëser Legislaturperiod. Op doriwwer eraus nach méi nei Scholde gemaach ginn, wier net gesot, esou de Finanzminister.

Optimistesch am Bezuch op d'Konjunktur

De Budget fir 2017 baséiert op gudde Konjunkturprevisiounen. Dozou seet de Finanzminister, et géif ee sech op d'Chiffere vum Statec baséieren, an déi géifen e gudde Wuesstem viraussoen. Et hätt kee Wäert vun enger manner gudder Konjunktur auszegoen. "Da géif ee jo de Contraire zu deem maachen, wat déi bescht Previsiounen hierginn."

De Pierre Gramegna gëtt awer ze bedenken, datt et schwéier wier, fir genee Previsiounen opzestellen. "Mir liewen an enger Welt, déi manner previsibel ass, wéi an der Vergaangenheet." Lëtzebuerg stéing zwar ganz stabil do, mee et géif ee vun der internationaler Konjunktur ofhänken. Wann déi géif schwanken, da misst ee sech ajustéieren. "Mee et ass net esou, datt mir de Budget ganz ausgereizt hunn."

Institutionaliséierung vum Comité de prévision

Am Regierungsprogramm gouf ugekënnegt, datt d'Staatsfinanzen efficace an transparent opgestallt solle ginn. Ee Comité de prévision - een Organ, zesummegestallt aus Vertrieder vu verschiddene Verwaltungen - sollt Berechnunge maachen, op Basis vun deenen de Budget opgestallt gëtt.

Dëst Organ géif hien zwar am Laf vum Joer consultéieren, esou de Pierre Gramegna. Mee hien hätt de Budget zesumme mat der Inspection générale des finances opgestallt. "Dat war nach ëmmer esou an dat ass och haut esou." Wou de Projet drun ass, fir de Comité de prévision z'institutionaliséieren an doraus ee Comité économique et financier national ze maachen - wéi am Regierungsprogramm versprach - huet de Pierre Gramegna net preziséiert. Et géif een doru schaffen.