Staatsgeheimnis, keng Panik, näischt verfasst

Gëscht war zu Iechternach am Ciné Sura d’Première vum lëtzebuerger Film: Staatsgeheimnis, keng Panik, näischt verfasst. De Film soll an deene regionale Kinoe gewise ginn an ass dernieft um Internet ze gesinn.

An deem Film vum Kënschtler- a Studentekollektiv Richtung22 geet et em d’Verfassungsreform mee och em Kritik un der Regierung. De Lars Schmitz vun deem Kollektiv bedauert, datt den Ament net iwwert d’Verfassungsreform geschwat gëtt. Op d’Debatt, déi d’Regierungsparteie an deem Kontext versprach haten, gëtt nach ëmmer gewaart.

Den Interview vum Christian Welter mam Lars Schmitz:

 

Programm

Dossieren

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

  • Däitsch Bundestagswahlen 2017

    De 24. September 2017 wielt Däitschland en neit Parlament. D'Angela Merkel (CDU) an de Martin Schulz (SPD) trieden als Kanzlerkandidaten un.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen