Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Sudden Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staatsrot an CCHD äussere Bedenken

Covid-Gesetz

Staatsrot an CCHD äussere Bedenken

De Covid-Zertifikat géif riskéieren Ongläichheeten ze verschäerfen. Dat schreift déi consultativ Mënscherechtskommissioun an hirem Avis iwwer dat neit Covid-Gesetz. Och de Staatsrot äussert änlech Bedenken.

auto_stories

2 min

De Staatsrot äussert Bedenken zum Covid-Gesetz. Foto: Kaori Anne Jolliffe (Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Déi zwou Instanze begréisse prinzipiell, datt d'Leit nees Fräiheete sollen zeréckkréien, elo, wou déi epidemiologesch Situatioun sech verbessert huet. De Staatsrot konstatéiert awer: am HORECA an am ëffentleche Beräich géif et grouss Ouverturë ginn.

Am private Beräich wieren d'Limitatiounen am Verglach nach streng. Dësen Ënnerscheed an Agrëff vun der Regierung an d'Privatliewe vun de Leit wier ëmmer méi schwéier ze rechtfäerdegen. Den digitale Covid-Zertifikat géif vill Froen opwerfen, sou déi zwou Instanzen. An der EU soll e jo den 1. Juli soll a Kraaft trieden.

Inegalitéite kéinte verschäerft ginn

De Gesetzestext fënnt d'CCDH net koherent a schlecht lieserlech. D'Regierung hätt dee potentiellen Impakt vum Covid-Zertifikat op d'Mënscherechter net am Detail analyséiert a misst dat nohuelen.

D'CCDH hätt zum Beispill Informatiounen, datt vill Leit a prekäre Situatiounen an der Impfstrategie net en compte geholl gi wieren an elo riskéieren, duerch d'Netz ze falen. D'Inegalitéite kéinten der CCDH no och verschäerft ginn, well eng vun den Alternativen zur Impfung - also de negativen Test - deen engem och Fräiheeten zeréck ka ginn - net automatesch a fir jiddweree gratis ass.

Weider konstatéiert d'CCDH, datt de Covid-Check ageféiert soll ginn zu engem Zäitpunkt, wou eng grouss Zuel vu Leit nach net konnte geimpft ginn.

Onkloerheet bei Strofen

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun an de Staatsrot hiewen och ervir: Bei der Méiglechkeet, datt geimpften oder geheelte Persounen awer anerer nach kënnen ustiechen, géif et nach ëmmer kee wëssenschaftleche Konsens. Dofir freet d'CCDH sech och, firwat geimpften oder geheelte Leit vun enger Quarantän sollen ausgeschloss ginn.

Wat déi obligatoresch Tester fir d'Personal am Fleege- a Gesondheets-Secteur ugeet, kritiséieren de Staatsrot an d'CCDH, datt et juristesch a besonnesch aarbechtsrechtlech net kloer wier, wat geschitt, wann eng Persoun esou en Test refuséiert.

Betreffend Strofen huet de Staatsrot och eng formell Oppositioun: an zwar am Fall wou en HORECA-Betrib oder en anerer Organisateur vun engem Event sech fir de Covid-Check entscheet huet. Si musse garantéiere, datt den Check respektéiert gëtt, wann net, si Strofe virgesinn - och fir d'Leit, déi sech do net un d'Reegelen halen. Dat wier awer net kloer forméiert, an de Staatsrot huet eng Alternativ proposéiert.