Radioen

On air

Notturno  |  Gilles Grethen Quartet - Stars And Asteroids

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV fuerdert Kloerheet

Staatsrot

CSV fuerdert Kloerheet

Hin an Hier bei der Nominatioun vun engem neie Staatsrot-Member: D'CSV wëll nach keng Kandidatin an d'Gespréich bréngen. ​Als éischt misst kloer sinn, ob d'ADR un hirem Kandidat festhält.Den ADR-President schwätzt vun Diskriminatioun.

auto_stories

3 min

D'Prozedur vun der Regierung huet keng juristesch Basis, kritiséiert den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler.

"Wat ass richteg a wat ass falsch?" Déi Fro stellt den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler am 100,7 Interview. Seng Fraktioun hätt e Bréif vun der Regierung kritt an deem steet, datt d’ADR op hire Kandidat fir de Staatsrot géing verzichten. Gläichzäiteg géif een an der Press héieren, datt d’ADR un hirem Kandidat Alex Penning géing festhalen.

Well et der CSV-Fraktioun hei u Kloerheet feelt, géif een och nach net iwwer eege Kandidaten schwätzen. Am Nationalkomitee vun der CSV geet et nächste Méindeg fir t’éischt emol drëm ze kucken, ob een iwwerhaapt op d’Propositioun vun der Regierung ageet fir e Kandidat fir de Staatsrot ze nennen. D’Prozedur vun der Regierung wier op jidder Fall erstaunlech an anormal an se hätt keng juristesch Basis.

  • Audio: De Claude Wiseler um Mikro vum Christian Welter​​​​​

Op d'mannst siwe Fraen

D’Kandidatur vum ADR-Generalsekretär Alex Penning fir an de Staatsrot gouf vun der Regierung verworf. D'ADR hat den Alex Penning proposéiert nodeems si vun der Regierung gefrot gi war eng Kandidatur ze stellen. Well d'Regierung awer der geplangter Reform vum Staatsrot virgräift, huet si insistéiert, dass eng Fra déi fräi Plaz kritt. An Zukunft sollen nämlech op d'mannst siwe Fraen am Staatsrot sinn.

De Xavier Bettel sot d'lescht Woch, d'ADR hätt och op Nofro hin keng Fra proposéiert. Et wier deemno elo un der CSV, fir eng Kandidatin virzeschloen, esou de Premier.

  • Audio: De Premier Xavier Bettel

ADR schwätzt vun Diskriminatioun

D’ADR hunn eng "Diskriminéierung opgrond vum Geschlecht" kritiséiert, nodeems d’Kandidatur vun hirem Generalsekretär Alex Penning fir an de Staatsrot net vun der Regierung zréckbehale gouf. Déi Alternativ Demokratesch Reformpartei stellt d’Fro, ob um Enn déi Gréng hire "feministeschen Extremismus" géint d’Koalitiounspartner DP an LSAP duerch gesat hätten.

No Meenung vun der ADR dierften och am Staatsrot nëmme Kompetenzen a Qualifikatiounen zielen, ouni Récksiicht op d’Geschlecht. Et géif een elo genau kucken, ob eng CSV-Kandidatin dann wierklech dem Profil entsprécht, deen de Staatsrot gefrot huet, sou den ADR-Parteipresident Jean Schoos.

  • Audio: Den ADR-President Jean Schoos​