Staatsrot kommentéiert Referendumsfroen
De Staatsrot ass der Meenung, datt déi véier Froe vum consultative Verfassungsreferendum deels sollten ëmformuléiert ginn. Fir besonnesch problematesch hält de Conseil d’Etat a sengem Avis d’Fro nom Finanzement vun de Geeschtlechen. E Bäitrag vum Pia Oppel:
Am Artikel 106 vun der Verfassung steet, datt de Staat muss fir d’Traitementer an d’Pensioune vun de “Ministres des cultes” opkommen. D’Majoritéitsparteien an der Chamber hu proposéiert, beim consultative Verfassungsreferendum d’Fro ze stellen, ob de Staat déi Obligatioun weider sollt hunn. De Staatsrot freet sech, wat et konkret bedeit, wann d’Wieler mat Jo op déi Fro äntwerten? An deem Sënn ass d’Fro éischtens net präzis genuch formuléiert, an zweetens ass se och juristesch problematesch: wann déi aktuell Obligatioun vum Staat nämlech verschwënnt, géifen déi concernéiert Kultusvertrieder opgrond vun enger neier Reegelung Rechter ewech geholl kréien, déi se den Ament hunn. Dat wier aus Perspektiv vun de Mënscherechter net méiglech ëmzesetzen, sou de Staatsrot.
De Staatsrot fënnt dann och, dass d’Froen net präzis genuch gestallt ginn, well se all op der Formulatioun baséieren, ob d’Wieler mat der “Iddi” averstan, dass dat eent oder anert ännert. Do ass de Staatsrot der Meenung, dass een eng méi verbindlech Formulatioun misst fannen. Och d’Iwwersetzung vun de franséische Froen op Lëtzebuergesch an Däitsch wier net ëmmer präzis genuch.
De Staatsrot betount, dass d’Prozedur vum consultative Referendum juristesch absolut keng verbindlech Valeur fir d’Chamber kann hunn, mee just eng politesch.
De Staatsrot erklärt dann och, wéi d’Resultat vum Referendum genau gerechent gëtt. Déi ongülteg Ziedelen, ginn deemno beim Ausrechnen net berücksichtegt. Och wann um Wahlziedel eenzel Froen net beäntwert ginn, ginn déi aner Äntwerten awer als valabel considéréiert. Dat bedeit, dass d’Zuel vun de Bulletin’en, déi berücksichtegt ginn, je no Fro variéiert.
Aus dem Avis geet dann nach ervir datt de Staatsrot de Choix vun de 4 Froen net fir logesch, mee fir reng politesch motivéiert hält. Eng formell Oppositioun zur Gesetzespropositioun, gëtt awer op kengem Punkt formuléiert.