Radioen

On air

De Moien  |  Paradis - Garde Le Pour Toi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staatsrot proposéiert Ännerungen

Covid-19-Gesetzer

Staatsrot proposéiert Ännerungen

Fir déi ëmstridden Zwangsaweisung vun enger mam Coronavirus infizéierter Persoun gëtt eng aner Prozedur proposéiert. Zil ass et, d'Rechter vun der concernéierter Persoun ze stäerken. An engems betount de Staatsrot, datt déi proposéiert Léisung wéinst dem Zäitdrock net alle Bedenken hätt kënne Rechnung droen. Déi juristesch Awänn bezéie sech och op Aschränkunge vum Privatliewen: Eng Limitatioun vu Gäscht, déi een doheem dierft ëmfänken, wier net verhältnisméisseg.

auto_stories

5 min

Ënner anerem d'Geriichter, d'Dateschutzkommissioun, déi consultativ Mënscherechtskommissioun an d'Oppositiounsparteien haten deels staark Bedenke geäussert, iwwer déi zwee Covid-19-Gesetzer, déi d'Verbreede vum neiaartege Coronavirus solle verhënneren.

Dës Texter solle schonn Enn nächster Woch a Kraaft trieden, wann den Etat de Crise op en Enn geet - an deemno och d'Ausnamebestëmmungen aus de leschte Méint. De Vott an der Plénière soll den 22. Juni sinn.

Fir datt d'Chamber mat hirer Aarbecht séier virukënnt, huet de Staatsrot net just seng juristesch Awänn formuléiert. Mee e proposéiert och fir all problematesch Dispositioun eng alternativ Léisung.

Déi zwee Avise kënnt Dir hei an hei consultéieren.

Zwangsaweisung: Keen Appell méiglech

Eng aner Prozedur wier beim "confinement forcé" néideg, enger "Schlësseldispositioun" am Gesetzesprojet, wéi de Staatsrot schreift. Wann eng infizéiert Persoun sech net kann oder wëllt isoléieren, an doduerch eng Gefor fir d'Gesondheet vun aneren ass, kann decidéiert ginn, datt si an engem Spidol oder enger anerer appropriéierter Plaz muss confinéiert ginn.

Déi Decisioun soll awer net de Procureur d'Etat, mee dat zoustännegt Bezierksgeriicht huelen. An dat scho bannent 24 Stonnen, no enger motivéierter Demande vum Santés-Direkter. Déi concernéiert Persoun misst d'Decisioun zu all Moment kënne kontestéieren, an d'Geriicht misst doriwwer och bannent engem Dag entscheeden.

Dem Staatsrot senger Propos no, wier keen Appell virun enger méi héijer juristescher Instanz méiglech.

Fräiwëlleg Quarantän

Och bei der Quarantän, dem Isolement an dem Verbuet säin Doheem ze verloossen, fuerdert de Staatsrot ee méi prezise Kader. Notamment misst esou eng Decisioun vum Direkter vun der Santé an all Eenzelfall prezis motivéiert ginn.

De Staatsrot hëlt zur Kenntnis, datt weder eng Kontroll nach Sanktioune bei Verstéiss virgesi sinn.

Versammlungsfräiheet priméiert

Eng formell Oppositioun gëtt et am Avis vum Staatsrot dann ënner anerem nach bei der Versammlungsfräiheet an dem Schutz vum Privatliewen. D'Approche vum Legislateur wier falsch. De Staatsrot:

"note que l'article est affecté d'une erreur fondamentale de logique, en ce qu'il détermine les conditions dans lesquelles un rassemblement est autorisé, alors qu'il s'agit de déterminer les hypothèses dans lesquelles il est interdit. En effet, la liberté est la règle et la restriction, l'exception. Le Conseil d'État relève que l'article 25 de la Constitution garantit le droit de s'assembler paisiblement et interdit expressément de soumettre l'exercice de ce droit à une autorisation préalable."

Am Privatberäich missten all Restriktiounen - wéi eng Limitatioun vun de Gäscht - fale gelooss ginn. Virun allem well se net verhältnisméisseg wieren, mee och well se nëmme schwéier kënne kontrolléiert a sanktionéiert ginn:

"Si des dérogations sont en principe autorisées, elles doivent répondre aux critères de nécessité et de proportionnalité qui, aux yeux du Conseil d'État, ne sont pas établis. Le Conseil d'État relève par ailleurs que l'article 15 de la Constitution, relatif à l'inviolabilité du domicile, n'autorise des mesures de contrôle par le biais de perquisitions et de visites domiciliaires que dans des conditions qui ne sont pas réunies dans la loi en projet, laquelle ne prévoit que des infractions de police."

De Verbuet vu Rassemblementer mat iwwer 20 Leit am ëffentleche Beräich, wou eng Distanz vun zwee Meter net kann agehale ginn, stellt de Staatsrot net a Fro. Virgesinn ass, datt dëse Verbuet net fir Demonstratioune gëllt. A fir kulturell, reliéis a sportlech Evenementer sinn Ausnamereegele virgesinn.

Dateschutz: Méi prezis

De Staatsrot proposéiert och eng ganz Rei Prezisioune beim Dateschutz. Virgesinn ass, datt d'Direction de la Santé Donnéeën net just iwwer infizéiert Persoune sammelt. Fir datt Infektiounskette kënnen ënnerbrach ginn, gëtt och no Kontaktpersoune gefrot, déi sech kéinten ugestach hunn.

De Staatsrot proposéiert hei notamment, eng prezis Lëscht vun Donnéeën, déi dobäi dierfen erhuewe ginn. Proposéiert gëtt och, datt retracéiert ka ginn, wien d'Donnéeë wéini consultéiert huet. An datt déi persounebezunnen Donnéeën no dräi Méint musse geläscht ginn. Eenzel anonymiséiert Donnéeë sollt een dem Staatsrot no awer fir wëssenschaftlech an aner Zwecker weider kënne verwäerten.

Behënnerteberäich gouf vergiess

Dem Staatsrot ass dann och opgefall, datt déi spezifesch Situatioun vu Persoune mat enger Behënnerung guer net adresséiert gëtt. Wann den Handicap et net erlaabt d'Distanzreegelen anzehalen oder eng Mask ze droen, misst deem Rechnung gedroe ginn. De Staatsrot proposéiert dës Ergänzung vum Gesetzesprojet:

"Dès lors que, par nature, le maintien de la distanciation physique n'est pas possible entre la personne en situation de handicap et la personne qui l'accompagne, cette dernière met en œuvre les mesures sanitaires de nature à prévenir la propagation du virus SARSCoV-2. L'obligation de port du masque ne s'applique pas aux personnes en situation de handicap munies d'un certificat médical justifiant de cette dérogation et qui mettent en œuvre les mesures sanitaires de nature à prévenir la propagation du virus."


"Däitlech Verbesserung"

De Jurist vun der Uni Lëtzebuerg Stefan Braum hält d'Virschléi vum Staatsrot op ville Punkte fir begréissenswäert. Seng Aschätzungen erkläert hien am Gespréich mam Pia Oppel:

Interview mam Stefan Braumplay_arrow