RTL huet seng däitsch Aktivitéiten an de leschte Wochen nei opgestallt. Déi Restrukturatioun wier vu Bertelsmann (mat Sëtz zu Gütersloh) an der Mediengruppe RTL Deutschland (enger Duechter vun RTL-Group mat Sëtz zu Köln) organiséiert an duerchgezu ginn. Dat Ganzt wier komplett laanscht Lëtzebuerg gelaf.
Fir de Mediejournalist Thomas Lückerath e kloren Indice, datt Lëtzebuerg op der Achs Köln-Gütersloh - elo och am iwwerdroene Sënn - am Abseits läit. Hie seet awer, datt dat keng definitiv Informatioun wier, mee eng Liesung vun de Virgäng.
Ee Communiqué, dee verwonnert
Mee wann een den Zäitpunkt vum Bert Habets sengem Depart kuckt (kuerz no der Restrukturatioun vum däitsche Geschäft), wann ee bedenkt, wéi onerwaart e koum, wann een de Communiqué liest, an deem den elo ex-CEO selwer mol net - wéi dat awer üblech ass - zitéiert gëtt, a sief et och nëmme fir Merci ze soen, da kéint ee bal zu kenger anerer Conclusioun kommen.
Och déi "perséinlech Grënn", déi an der Matdeelung als Grond fir d'Demissioun genannt ginn, iwwerzeegen den Thomas Lückerath net. Et wier net üblech, datt een an engem Communiqué mol net zu Wuert kënnt, wann ee sech aus familiäre Grënn zeréckzitt.
Mee schwätzt d'Kuerzfristegkeet dann net grad esou géint eng gutt geplangt strategesch motivéiert Aktioun? Et géif zwar an d'strategesch Entwécklung vun de leschte Woche passen, mee datt et esou plëtzlech geschitt ass, géif een awer iwwerraschen.
Wat bedeit dat fir de Standuert Lëtzebuerg?
Fir den Thomas Lückerath stellt sech d'Fro, ob den Thomas Rabe, dee jo scho mat senger Positioun bei Bertelsmann vill ze dinn huet, niewelaanscht nach Zäit huet fir d'RTL-Group zu Lëtzebuerg ze leeden. Virun allem well dat jo och eng definitiv a keng Iwwergangsléisung soll sinn.
Virun net allze laanger Zäit hätt RTL-Group nach zwee CEOe gehat, elo just nach en hallwen. Heescht dat souguer, datt de Standuert Lëtzebuerg a Gefor ass? Den Thomas Lückerath mengt dat net, well een zu Lëtzebuerg historesch an ëffentlech-rechtlech Verflichtungen huet. "Die wird man und möchte man, glaube ich, nicht aufgeben", esou d'Analys vum Mediejournalist.
Wou ginn an Zukunft Entscheedunge geholl?
D'Fro géif sech awer stellen, ob d'Entscheedungen, déi de ganze Mediegrupp a ganz Europa betreffen, nach zu Lëtzebuerg getraff ginn, oder ob een dat mat Köln oder Gütersloh kombinéiert, an datt Lëtzebuerg net méi déi Wichtegkeet kritt, déi se mol hat.
RTL-Group wollt den Artikel net kommentéieren. Allzäit net am Toun. Op Nofro hi sot e Spriecher just, datt et keng Iwwerleeunge géif ginn, fir eppes un der Roll vum Standuert Lëtzebuerg als Sëtz vun RTL-Group ze änneren.