Radioen

On air

De Moien  |  Blood Orange - Saint

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Risike fir Wirtschaft klammen

Statec

Risike fir Wirtschaft klammen

Hei am Land ass de Wirtschaftswuesstem vill méi zolitt wéi am Ausland. Dat muss awer net esou bleiwen, steet an der leschter Note de conjoncture vum Statec. Ennert anere Risike warnt d'Statistikverwaltung virun nationalisteschen Tendenzen an Europa.

auto_stories

7 min

Bal fënnef Prozent Wirtschaftswuesstem zejoert, dräi Prozent dëst Joer a 4,6 Prozent fir 2017. Houfreg Zuelen am Verglach mat deenen am Ausland, sot de Serge Allegrezza, den Direkter vum Statec bei der Presentatioun vun der Note de Conjoncture. Nach ëmmer gi vill Aarbechtsplaze geschaf an de Chômage geet zréck. D’Inflatioun läit ronderëm Null Prozent. Mat där nächster Indextranche gëtt am éischten Trimester 2017 gerechent.

Ganz anert Bild wat déi international Konjunktur ugeet. Och wann d’Eurozone am éischten Trimester ëm 0,6 Prozent gewuess ass, zweiwelen d’Statistiker drun, datt déi Croissance nohalteg ass. Dowéinst wier et wichteg datt d’Europäesch Zentral bei hirer Politik vum bëllege Geld géif bleiwen, mengt de Serge Allegrezza, den Direkter vum Statec: “Et kann een hoffen, datt déi Zäit genotzt gëtt fir d’Budgetspolitik an Europa méi flexibel ze maachen, an datt d’Salairë sech dynamesch kënnen entwéckelen.”

D’Staatsfinanze sti ganz gutt do, an dat trotz héijen Dépensen vun den ëffentlechen Investissementer, seet de Serge Allegrezza. D’Ausgabe vum Staat sinn zejoert em 4,4 Prozent gewuess, dat ass méi wéi déi zwee Joren virdrun, mee manner wéi d’Moyenne vun de leschte fënnef Joren. D’Staatsrecetten sinn 2015 just schwaach geklomm, den Trend vun de Joren virdrun geet also virun.

Firwat komme manner Suen an d’Staatskees?

DRecetten duerch d’TVA vum E-Commerce, déi lues a lues verschwannen, eng international Konjunktur déi méi lues dréint an eng Tendenz no ënnen op de Boursen, wéinst där 150 Milliounen € manner op der Taxe d’abonnnement fir Investmentfongen erakomm wier, sou de Ferdy Adam vum Statec. Och d’Echelle mobile hätt ee ganz staarken Impakt op d’Masse salariale an d’Cotisatiounen, sou den Economist.

Am Interim, am Commerce a bei de Botzfirmaen goufen zejoert déi meescht Aarbechtsplaze geschaf, steet an der Note de Conjoncture. Beim Emploi huet de Statec zwou Tendenzen observéiert. Den ëffentlechen Secteur wou d’Residenten majoritär sinn, verléiert u Schwong. D’Aarbechtsplazen goufe par conter am Privatsecteur geschaf, dee vun de Frontalieren dominéiert gëtt. An awer geet de Chômage zréck. Dat well d’Populatioun déi hei am Land wunnt, manner aktiv um Aarbechtsmaart ass. Dee positiven Trend bei der Aarbechtslosegkeet geet also virun, seet de Bastien Larue vum Statec, vum Pic vu 7,2 Mëtt 2014 erof op 6,5% haut.

Industrie gutt, Finanzplaz manner

Wat elo d’Secteuren ugeet, esou huet de Statec gutt Nouvellë vun Industrie a Bau, déi vum dynamesche Wunnengsmaart profitéieren. Méi pessimistesch ass den Ausbléck fir d’Finanzplaz. Déi bleift d’Lokomotiv vun der nationaler Economie, mee et muss mat e puer Schréipse gerechent ginn.

Haaptgrond: d’Baisse op de Boursen, déi Repercussiounen op d’Finanzplaz huet, dorënner op d’Fongenindustrie. Weist d’Tendenz am Fongesecteur no ënnen, kritt de Staat och manner Recetten eran duerch d’Taxe d’abonnement, eng Steier déi op den Investmentfongen erhuewe gëtt. De Statec hat och eng Etude gemaach iwwert den Impakt vun der Finanzplaz. Déi ass laang net esou bombastesch wéi mer gemengt haten, seet de Serge Allegrezza.

Risiken

An der Note de conjoncture huet de Statec, wéi gewinnt, och eng Partie Risiken opgezielt. Déi schlecht Noriicht direkt: Hier Zuel ass geklomm. Engersäits ginn et déi economeschen Onsécherheeten. Dozou gehéieren eng méi lues Konjunktur a China, respektiv an enger Rei latäinamerikanesche Länner an och d’Nervositéit op de Boursen.

Dernieft ginn et politesch Risiken, wéi de Grexit an de Brexit. De Serge Allegrezza schwätzt vu perversen Effekter virum Referendum a Groussbritannien. “All Land versicht elo schonn déi eventuell Concessiounen, déi d’Vereenegt Kinnekräich kéint kréien, bei sech ëmzesetzen.” De Statec-Direkter hieft d’Tendenzen zum Fragmentéiere vum europäesche Bannemaart, zum Nationalismus an der EU ervir. “Dat muss eis, Lëtzebuerg als klengt Land, immens zu Bedenke ginn”.