Radioen

On air

Notturno  |  Quickly, Quickly - Satellite

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stauséi: Reservatiounssystem elo online

Fräizäit

Stauséi: Reservatiounssystem elo online

Den neie System fir Plazen op sechs Plagen um Stauséi ze reservéieren ass elo online: um Internetsite vum regionalen Office du Tourisme visit-eislek.lu oder an der Éislek-Applikatioun fir de Smartphone kann d'Onlinereservéierung fir déi nächst aacht Weekender gemaach ginn. Dat fir d'Plagë Fuussefeld, Ënsber, Léifreg, Lëlz, Rommwiss a Buerfelt.

auto_stories

1 min

Déi gratis Entréestickete kënne fir d'Zäiten tëschent 9 Auer moies a fënnef Auer owes gebucht ginn, an dat fir all Samschdeg a Sonndeg bis Mëtt September. Mam Ticket engagéieren d'Leit sech, d'Covid-19-Barrièresgesten respektiv d'Hygiènesvirschrëften ze respektéieren. D'Leit musse confirméieren, datt si keng Covid-19-Symptomer hunn.

No ganz ville Leit de leschte Weekend um Stauséi war dësen neien obligatoresche Reservéierungssystem decidéiert ginn.

Detailer wëllen d'Partner aus der Regioun an den nächste Stonnen an engem Communiqué matdeelen, soubal och all rechtlech Detailer gekläert sinn.