Steier-Rulingen solle publizéiert ginn

Wéi de Premier Xavier Bettel dat schonn ugedeit hat, proposéiert d’Regierung elo effektiv fir déi sougenannt Steier-Rulingen an Zukunft ëffentlech ze maachen. D’Steieraccorden sollen op eng synthetiséiert an anonym Manéier am Joeresrapport vun der Steierverwaltung publizéiert ginn. Dat geet aus dem Avant-Projet vun engem Reglement vir, deen eis virläit. Wéi eng Detailer iwwert d’Steieraccorden ëffentlech ginn, ass domadder net kloer. Am Finanzministère war dozou bis ewell nach keng Präzisioun ze kréien.

Präziséiert gëtt ënnert anerem nach, datt déi prinzipiell Decisioun doriwwer, wéi zum Beispill eng multinational Entreprise zu Lëtzebuerg um Enn vun enger Period wäert besteiert ginn, net däerf zu enger Steier-Exemptioun oder -Moderatioun féieren.

Dat groussherzoglecht Reglement ass als Präzisioun geduecht zur gesetzlecher Grondlag déi d’Rulinge solle kréien. D'Reglement soll am Januar a Kraaft trieden.

De Bäitrag vum Pia Oppel:

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen