Steier-Rulingen: Spezialkommissioun amplaz Enquêtekommissioun

Fir d’Steier-Rulingen an der EU ënnert d’Lupp ze huele gëtt keng Enquêtekommissioun, mee eng Spezialkommissioun op d’Been gesat... also eng Kommissioun mat manner Moyenen. Dat hunn d’Fraktiounscheffe vun den 3 gréisste Parteien am EU-Parlament de Moien decidéiert. Déi europäesch Gréng, déi no de Luxleaks Revelatiounen d’Initiativ fir eng Enquêtekommissioun lancéiert haten, an déi europäesch Lénk, soten sech enttäuscht iwwert d’Decisioun, och wann eng Spezialkommissioun déi zweet-bescht Léisung wier.

Par konter soten sech déi zwou Oppositiouns-Parteien immens rosen, well de Sozialdemokrat a President vum Europaparlament, de Martin Schulz, guer kee Vote erlaabt huet iwwert d’Optioun vun enger Enquêtekommissioun. Dat géing e Prezedenzfall schafen: 188 Stemme ginn duer fir eng Enquêtekommissioun an d’Liewen ze ruffen. Elo géing sech erausstellen, datt de Parlamentspresident ka verhënneren, datt et iwwerhaapt zu engem Vote kënnt.

De Bäitrag vum François Aulner:

 

Reaktioun vum Charel Goerens am Interview mam François Aulner:

 

Reaktioun vum Claude Turmes:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen