Radioen

On air

De Moien  |  Queen - You're My Best Friend

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steierflucht: "Ofschreckung néideg"

Europa

Steierflucht: "Ofschreckung néideg"

Duerch Pläng vun der EU Kommissioun solle Banquieren a Consultante gezwonge ginn, fir d'Steiermontagë vun hire Clienten ze deklaréieren. Wann d'Pläng Realitéit ginn, ass Lëtzebuerg staark dovu betraff.

auto_stories

2 min

An de Panama Papers waren d'Lëtzebuerger Intermediairë ganz virbäi. An de Steiermontagë vum Bureau Mossack Fonseca, déi virun engem Joer bekannt goufen, waren d'Lëtzebuerger Affekote, Banquieren a Consultanten ënnert deenen Aktiivsten. Déi geplangten EU-Direktiv géif awer kee spezifescht Memberland viséieren, esou den EU-Finanzcommissaire Pierre Moscovici zu Bréissel, mä d'Intermediairen aus all de Länner.

"Et gi Leit, Firmen a Constitutiounen, déi verdénge vill Suen domat, anere bei der Steierflucht ze hëllefen."

Ofschreckung néideg

Net all Intermediaire géif aggressiv oder illegal Steierevasioun organiséieren, mä et géifen déi illegal Aktivitéiten awer ginn. An dofir wier eng efficace Ofschreckung néideg, seet de Pierre Moscovici. Ouni d'Hëllef vun deenen Intermediairë géif et déi international Steierflucht an hirer aktueller Form net ginn.

"Heiansdo sinn d'Intermediairen déi grouss Käpp hannert den internationale Steiermontagen. Si si bis elo ënnert dem Radar bliwwen."

Banquieren, Affekoten a Consultante sollen dofir gezwonge ginn, fir d'Steiermontagë vun hire Clienten ze deklaréieren, wann et e Verdacht op Steierflucht gëtt. D'Verwaltunge kréichen doduerch d'Méiglechkeet d'Steiermontagen z'iwwerpréiwen.

Ziler vun der Direktiv

Eng Ofschreckung wier néideg. D'EU-Kommissioun hätt gär, datt d'Intermediairen an Zukunft zweemol iwwerleeën, ier se bei der Steierflucht hëllefen, seet de Pierre Moscovici. Den EU-Kommissär mengt, mëttelfristeg géifen d'Recettë vun de Memberlänner doduerch klammen. Déi geplangten Direktiv muss fir t'éischt vum Europaparlament validéiert ginn an all eenzel Memberstaat muss gréng Luucht ginn.

A Kommissiounskreeser heescht et, et wier net ze vill schwéier, déi Unanimitéit z'erreechen, esou d'Noriichtenagence AFP. D'Länner sollen iwwerdeems fräi Hand kréien, fir d'Strofen ze decidéiere fir déi Experten, déi sech net un Direktiv halen.

Bäitrag Jean-Claude Franckplay_arrow