Radioen

On air

Notturno  |  Bedouine - Come Down In Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Steierreform ass kee grousse Worf"

Konsumenteschutz

"Steierreform ass kee grousse Worf"

D’Reform geet an déi richteg Richtung, mee sozial gerecht ass se net. Dat war eng vun de Kritiken op der Generalversammlung vum Konsumenteschutz (ULC). Aner Kritik un der Regierung: am Logement géif net genuch ënnerholl ginn.

auto_stories

4 min

Nico Hoffmann

"Et ass keng grondleeënd Reform, mee et sinn éischter Erliichterungen. Et hätt ee kéinten dee sougenannte Mëttelstandsbockel méi flaach gestalten an d’Progressivitéit vun der Steiertabell méi lues an d’Luucht goe loossen", sou den Nico Hoffmann. Am 100,7-Interview huet den ULC-President erkläert, kleng Gehälter géife vill ze vill fréi Steiere bezuelen.

D’Bierger hätten dës Reform u sech virfinanzéiert, duerch d’Hausse vun der TVA an aner Präiserhéijungen. "Engersäits e Plus vu 17% bei den Timbere bei engem vill méi schlechte Service vun der Post, 7% Erhéijung bei den Altersheemer, 37% bei de Kontrollstatiounen, dräi Prozent déi deemnächst bei den Assurancë virgesi sinn, 16,3% beim alkoholesche Gedrénks an de Caféen a Restauranten an esou kéint ech weider fueren."

Eng Avance fir de Bierger

Virun allem wéinst de Petrolspräisser ass d’Inflatioun den Ament esou niddereg. Zanter Oktober 2013 ass keng Indextranche méi erfall. Dowéinst fuerdert d’ULC, datt d’Virschossindextranche vun 1,5% nees agefouert gëtt. Dee Mechanismus gouf 1981 ofgeschaf, während de Krisejoren.

Ferm Kritik un der Regierung gëtt et och wéinst der Logementspolitik. Déi wier zwar eng vun der Regierung hire Prioritéiten. Bis elo wier awer nach net vill geschitt. De Nico Hoffmann seet, datt nach keng Regierung vill géint déi héich Präisser hätt kënne maachen. Et wier awer d’Roll vum Staat fir z’intervenéieren.

"Wann een d’Situatioun um Wunnengsmaart hei am Land kuckt - an zejoert sinn d’Präisser am Logement nees ëm 5.4% geklomm - da mengen ech schonn, datt eng Regierung hir Verantwortung muss iwwerhuelen." Nëmmen esou kéint een d’Präisser méi sozial gerecht gestallten, sou den ULC-President. "Fir de Lëtzebuerger Konsumenteschutz ass d’Wunnen e Mënscherecht. Jiddereen huet e Recht op eng erschwënglech Wunneng".

Wäit ewech vun engem Ministère fir Konsumenten

D’Wuerzel vum Problem wier, datt de Verbraucherschutz op véier Ministèren opgedeelt ass, bedauert d’ULC. Vun der Iddi vun engem Verbraucherministère, deen all d'Kompetenze géif regroupéieren, wier ee wäit ewech, seet de Nico Hoffmann.

Eng Tëscheléisung wier et, en Aarbechtsgrupp an d’Liewen ze ruffen an deem all déi héich Beamte sëtzen, déi eppes mat Konsumenteschutz ze dinn hunn. "Et soll verhënnert ginn, datt dräi verschidde Verwaltungen dat selwecht Geschäft kontrolléieren".

Cotisatioune gi net an d’Luucht

D’Regierung hätt mat deem neie Ministère d’Wichtegkeet vun engem bessere Konsumenteschutz agesinn. Dowéinst fuerdert d’ULC, datt d’Regierung och dee Schratt a finanzieller Hisiicht mécht. Enner der vireschter Regierung hat de Wirtschaftsminister Etienne Schneider déi finanziell Mëttele vun der ULC gekierzt.

Eng Alternativ wier d’Erhéijung vun der Cotisatioun fir d’Memberen. Dat kënnt fir den ULC-President net a Fro. De Konsumenteschutz huet iwwer 44.000 Familljememberen. Zil ass et, déi Zuel an d’Luucht ze schrauwen. Dowéinst misst ee kucke fir méi attraktiv ze ginn, mengt den Nico Hoffmann.