Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Detailer aus dem Gesetzprojet

Steierreform

Detailer aus dem Gesetzprojet

Déi fir 2017 geplangten Erliichterungen bei der Akommessteier hunn am Verglach zu anere Mesuren vun der Steierreform dee gréisste budgetären Impakt. Dat geet aus dem Avant-Projet de Loi vun der Reform ervir, deen dem radio 100,7 virläit. An der Tëscht ass de Gesetzprojet an der Chamber deposéiert ginn. Bis zu 50 Milliounen Euro nei Recettë sollen iwwerdeems duerch Mesurë géint Fraude an Abusen am Beräich vun den direkten an indirekte Steieren era kommen.

auto_stories

5 min

Foto: Bigstock/weyo

D'Regierung geet dervun aus, datt bei der Besteierung vun de Revenue vu physesche Persounen d'nächst Joer 170 Milliounen Euro manner era kommen, ewéi wa keng Steierreform gemaach géif ginn. An de Joren drop ass et ee Verloscht vun 230 Milliounen Euro u Recetten.

Dat géif jeeweils méi oder manner d'Halschent vun de Gesamt-Steiererliichterungen ausmaachen: Ënnert dem Stréch soll d'Steierreform d'nächst Joer ronn 370 Milliounen Euro kaschten a bis 2019 ee Käschtepunkt vu gutt 520 Milliounen erreechen.

Steiertabell, Steierkreditter a Krisesteier

Wat genau d'Upassung vun de Barèmë kascht, geet aus der Fiche Financière vum Avant-Projet de Loi awer net ervir. De Käschtepunkt vun dëser Mesure gouf nämlech mam Impakt vun der méi staarker Besteierung vun héije Revenuen zesumme gerechent. Wéi vill d'Bäisetze vun zwou neien Tranchë mat den neie Spëtzesteiersätz vun 41 an 42 Prozent ausmécht, gëtt een hei also net gewuer.

D'Changementer bei deene verschiddene Steierkreditter fir Salariéen, Pensionéierter a Independanten géifen d'nächst Joer 105 Milliounen Euro manner Recettë bedeiten. Dono léich déi steierlech Moins-Value all Joers bei 110 Milliounen Euro.

Da muss de Staat d'nächst Joer op weider 110 Milliounen Euro verzichten, wéinst dem Ofschafe vum sougenannten "Impôt d'équilibrage budgetaire temporaire", enger Zort Krisesteier vun engem hallwe Prozent, déi 2015 agefouert gi war.

Betriber: Net just Steiererliichterungen

Eng weider grouss Steiererliichterung gëtt et dann fir d'Betriber, duerch d'Erofsetze vun der Kollektivitéitssteier. Hei rechent d'Regierung bis 2019 mat bis zu 125 Milliounen manner Recetten, wouduerch och bei der Solidaritéitssteier iwwer 30 Milliounen Euro géife fir d'Staatskees verluer goen. Gläichzäiteg soll d'Hausse vun der minimaler Verméigenssteier fir Societéite bis zu 50 Milliounen Euro méi Recettë generéieren.

D'Zuelen zur Kollektivitéits-, Solidaritéits- a Verméigenssteier ginn aus engem Dokument ervir, dat d'Regierung am Abrëll de Sozialpartner virgeluecht hat. An der Fiche Financière vum Avant-Projet de Loi gëtt d'Opschlësselung op dëse Punkten net sou detailléiert gemaach, well verschidde Mesuren zesumme gerechent goufen.

Logement an Transport

Ee relativ klenge budgetären Impakt hunn iwwerdeems déi verschidde steierlech Mesuren am Beräich Transport, mat deenen ëmweltpolitesch Akzenter solle gesat ginn: Hei sollen 2017 eng Millioun a dono all Joers ronn fënnef Milliounen Euro manner Steieren era kommen.

D'Mesuren am Beräich Logement léisst d'Regierung sech méi kaschten: Bis 2019 verzicht de Staat do de Previsiounen no op ronn 50 Milliounen Euro d'Joer.

Detailer aus dem Avant-Projet de Loiplay_arrow

Mesurë géint Fraude an Abusen

D'Aféiere vun der "Fraude fiscale aggravée", grad wéi aner sougenannt "Mesures anti-abus" am Beräich vun den direkten an indirekte Steiere sollen der Regierung no d'nächst Joer 25 Milliounen Euro Recettë mat sech bréngen. 2019 sollen et souguer 50 Milliounen Euro sinn. Am Avant-Projet de Loi ginn ënnert anerem nei Regelen zum Ëmgank mat der Steierfraude festgehal.

Virop soll déi einfach Steierfraude an Zukunft net méi penal strofbar sinn. Amplaz kann d'Steierverwaltung selwer iwwer eng administrativ Sanktioun géint Fraudeure virgoen. Eng Amende vu bis zu 50 Prozent vun de Steieren, déi hannerzu goufen, kéint d'Administratioun operleeën, erkläert de Geschäftsaffekot a Steierexpert Alain Steichen. "Doduerch huet d'Steierverwaltung d'Kontroll iwwert d'Dossieren, amplaz datt si muss den Dossier un de Parquet ginn, wéi et bis elo de Fall ass."

An de Code Penal gëtt d'"Fraude fiscale aggravée" als nei Strof ageschriwwen, mat där ee sech och fir Blanchiment ka strofbar maachen. Wann ee méi wéi ee Véierels vu senge Steieren hannerzitt, an dee Montant iwwer 10.000 Euro läit, da riskéiert ee Prisong an och eng Geldstrof vu bis zu sechs Mol déi fraudéiert Zomm.

Lëtzebuerg äntwert mat dëser Reform op nei international an europäesch Bestëmmunge fir de Kampf géint d'Geldwäsch a wäert och bei Justizenquêten aus dem Ausland méi kooperativ sinn, erkläert den Alain Steichen. An der Vergaangenheet hätt een ee Refus ginn, wann d'Infraktioun just steierlecher Natur gewiescht wär. "An Zukunft gi mir u sech eng Assistenz. Mee mir ginn dem Procureur d'Méiglechkeet vu Fall zu Fall ze decidéieren."

Entraide Judiciaire: De Procureur entscheed

Am Avant-Projet de Loi si keng Critèrë virgesinn, a wéi enge Fäll genee d'Zesummenaarbecht mat den auslännesche Justizautoritéite bei Enquêtë wéinst Blanchiment a Steierhannerzéiung ka refuséiert ginn. Dat léisst dem Procureur vill Spillraum. Den Alain Steichen gesäit hei awer kee Problem. D'Lëtzebuerger Justiz wier selbstbewosst an onofhängeg, a géif esou Decisioun net no politesche Critèren huelen. De Jurist geet net dovun aus, datt de Procureur an d'Knéie géif goen, wann eng Bank hie géif drëm bieden, fir méi large ze sinn. "De Procureur hëlt seng Entscheedungen opgrond vun der gesetzlecher Grondlag, sou wéi hie se fir justifiéiert hält."

D'Regierung géif mat dëser Mesure kloer maachen, dass Steierhannerzéier zu Lëtzebuerg kloer net méi wëllkomm sinn, sou den Affekot. Et géif ëmmer betount ginn, datt keng Cliente méi mat ondeklaréierte Suen zu Lëtzebuerg wieren. Deemno dierft den Impakt vun der Mesure sech a Grenzen halen.

Wann awer elo e puer "schwaarz Schof" duerch d'Entraide judiciaire géifen erwëscht ginn, kéint Lëtzebuerg séier nees op der Uklobänk landen, sou den Alain Steichen. Déi nei Dispositiounen sollen dem Avant-Projet de Loi no iwwregens just fir Faite gëllen, déi nom Akraafttriede vun der Steierreform den 1. Januar 2017 geschéien.

Interview Alain Steichenplay_arrow