"Steierrulingen" fir Privatpersoune ginn ofgeschaf

Persounen, déi op Lëtzebuerg komme fir am Grand-Duché hire Steierdomicile ze etabléieren, sollen an Zukunft keng individuell Steiervirdeeler méi kënnen accordéiert kréien. Wéi aus dem Budgetsprojet fir d’nächst Joer ervir geet, soll dës Zort “Steierruling fir Privatpersounen” ofgeschaf ginn. Déi blo-rout-gréng Koalitioun huet d’Decisioun bis ewell net ervirgehuewen.

Konkret ass geplangt fir den Artikel 9 vum Gesetz iwwer d’Akommessteier ze sträichen. An deem Artikel heescht et, datt de Finanzminister op Propose vun der Steierverwaltung an no enger Deliberatioun am Regierungsrot eng forfaitär Steier ka festleeë fir Persounen aus dem Ausland, déi hire Steierdomicile zu Lëtzebuerg etabléieren.

Fir des Persoune konnt d’Regierung also individuell Steiervirdeeler ubidden. Aus dem Finanzministère heescht et op Nofro hinn, datt dës Dispositioun just vereenzelt genotzt gouf an dat wier och just bis Ugangs de 90er Joren der Fall gewiescht. Eisen Informatiounen no hunn ënnert anerem Manager vun där Dispositioun profitéiert, wann hier Gesellschaften sech zu Lëtzebuerg etabléiert hunn.

Datt dës Steiermesure juristesch Problemer mat sech bréngt, hat de Staatsrot schonn an engem Avis zum Gesetz iwwert d’Akommessteier vun 1967 bemierkt. Wéint engem Konflikt mam Gläichheetsprinzip, wéi en am Artikel 101 vun der Verfassung steet, sollt dëse Passage gestrach ginn, sou deemools d’Fuerderung vum Staatsrot: "Le Conseil d'Etat propose de rayer cette disposition, parce qu'en autorisant le ministre des Finances à accorder à des personnes venant se fixer au Grand-Duché des atténuations fiscales, elle est contraire à l'article 101 de la Constitution."

Déi zoustänneg Chamberkommissioun ass deemools an hirem Rapport net dorobber agaang, mat ënnert anerem dësem Argument: d’Méiglechkeet neie Residenten eng forfaitär Besteierung z’accordéiere géif et scho ginn, an dat hätt staark zur Wirtschaftsentwécklung vum Land bäigedroen. Ee Konflikt mam Gläichheetsprinzip gouf et aus Perspektiv vun den Deputéierten och net, ëmmerhi géif des Steiermesure um Enn der Allgemengheet zegutt kommen: "(...) la mesure d'ordre fiscal (...) n'est pas de nature à vouloir réintroduire des distinctions sociales, d'autant plus qu'elle se trouve entièrement justifiée par l'utilité commune."

An sengem zweeten Avis huet de Staatsrot 1967 op eng formell Oppositioun verzicht: et wier een zwar weiderhin der Meenung, datt des Mesure schwéier mat der Verfassung an Aklang ze brénge wier, si hätt awer ee wirtschaftlechen Notzen: "Le Conseil continue de penser que cette disposition est difficilement conciliable avec le principe de l'égalité des contribuables, mais n'entend pas s'y opposer, eu égard aux conditions mises à l'application du texte et à son utilité économique."

Am Budgetsprojet fir 2015 heescht et elo op der Säit 70 kuerz, dës Dispositioun wier opgrond vun der nationaler an europäescher Jurisprudenz net méi mam rechtleche Kader z’accordéieren. Et stellt sech d’Fro, firwat d’Majoritéit hir Decisioun d'Steiermesure ofzeschafen, net weider thematiséiert huet.

Wann op d'mannst nach bis Ugangs de 90er Joren am Regierungsrot iwwert d’Besteierung vun eenzelne Persoune geschwat gouf, relativéiert dat iwwerdeems d’Aussoe vum Jean-Claude Juncker zënter de Luxleaks-Revelatiounen. Géigeniwwer der Press huet de fréiere Premier a Finanzminister ëmmer nees betount, datt zu Lëtzebuerg wéint dem Steiergeheimnis eleng d’Steierverwaltung Kenntnis hätt vun eenzelnen Dossieren. Bei der Decisioun iwwer d’Besteierung vun der enger oder anerer Persoun, déi sech am Grand-Duché etabléiert huet, war de Jean-Claude Juncker awer mat grousser Wahrscheinlechkeet perséinlech dobäi.

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen