Steierrulingen: Regierung wëll eegenen Aussoe no mat EU-Kommissioun kooperéieren

D’lëtzebuerger Regierung zitt hier Recourse géint d’EU-Kommissioun zeréck. Recourse géint zwou verschiddenen Demandë vu Bréissel, fir Informatiounen ze kréien iwwert d’Steierrulingen an iwwert d’Besteierung am Beräich vun der propriété intellectuelle. Lëtzebuerg géing elo och der EU-Kommissioun déi komplett Lëscht vun de Steierrulinge ginn, sou wéi d’Lëscht vun deenen déi vum Steier-Regime bei der propriété intellectuelle profitéieren.

Dat huet de Xavier Bettel um Treffe vun den EU Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel matgedeelt. De Premier sot dës Decisioun wier dorobber zeréckzeféieren, datt een an der europäescher Unioun op de Wee vu gemeinsame Reegele geet. D’EU-Kommissioun soll nämlech Wëlles bis Mëtt nächst Joer nei Propose fir een automateschen Informatiounsaustausch iwwert Steierrulingen ausschaffen. Donieft huet se Wëlles d’Rulinge vun all den EU Memberstaten ënnert d’Lupp ze huelen.

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker sot op Nofro hin, déi aner Länner (wéi beispillsweis Irland) hätten sech gëschter nach net bereet erklärt, der EU-Kommissioun Informatiounen iwwert hier Rulingen ze ginn.

De Bäitrag vum Christian Welter:

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen