Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Suki Waterhouse - My Fun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steierverwaltung dierf no Informatioune froen

Panama Papers

Steierverwaltung dierf no Informatioune froen

D'Steierverwaltung dierf Affekote fir Informatiounen iwwer Cliente froen - awer just ënner bestëmmte Konditiounen. Zu där Conclusioun kënnt d'Cour administrative elo a revidéiert domadder d'Decisioun vum Verwaltungsgeriicht an éischter Instanz. Hannergrond vum Sträit sinn déi sougenannte Panama Papers Revelatiounen aus dem Joer 2016.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


International Medien haten deemools och d'Nimm vu Lëtzebuerger Affekoten an Etudë publizéiert, déi fir hir Clienten am Panama Firme gegrënnt hunn. Fir eraus ze fannen, ob iwwer dee Wee eventuell Steieren hannerzu goufen, wollt d'Steierverwaltung vu ronn 20 Acteuren hei am Land eng ganz Rei Saache gewuer ginn.

Verwaltung muss e konkreten Unhaltspunkt hunn

De Beruffsverband vun den Affekoten huet doranner ee Verstouss géint d'Beruffsgeheimnis gesinn. Virum Verwaltungsgeriicht krut de Barreau och Recht, awer virop wéinst Formfroen. D'Cour administrative hält d'Demarche vun der Steierverwaltung elo an zweeter Instanz grondsätzlech fir justifiéiert.

Dat heescht awer net onbedéngt, datt déi concernéiert Affekoten elo all déi gefroten Informatioune mussen eraus réckelen, seet d'Cheffin vum Ordre des Avocats, d'Bâtonnière Valérie Dupong - ëmmerhin hätt d'Steierverwaltung net an alle Punkte Recht krut:

"An dowéinst mengen ech, datt d'Steierverwaltung sech nach eng Kéier un déi Affekote muss wenden, mat méi präzisen Demanden, déi dann deem Urteel gerecht ginn."

Ee Krittär ass, datt just no Cliente dierf gefrot ginn, déi hei am Land steierflichteg sinn. D'Verwaltung muss och ee konkreten Unhaltspunkt hunn, fir no Informatiounen ze froen.

Datt d'Beruffsgeheimnis vun den Affekoten hei ageschränkt gëtt, doriwwer wier de Barreau net frou, esou d'Valérie Dupong:

"Mir sinn awer frou, datt mir elo am Kader vun deene Steiergesetzer, déi nach ëmmer bestinn, méi Kloerheet hunn, wou mir als Affekote stinn - a wat d'Limitten och si vun deem, wat d'Administratioun vun de Steiere vun eis kënne verlaangen."

Ob de Sträit iwwer d'Panama Papers elo definitiv gekläert ass, bleift nach ofzewaarden, seet d'Valérie Dupong. Déi concernéiert Affekote kéinten nach e Recours virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg maachen.