Dat Lëtzebuerger Gesetz, dat et private Firme soll erméiglechen, Ressourcen am Weltall ofzebauen, hält den dätschen Expert dofir fir "krass völkerrechtswidrig". Lëtzebuerg wier net zoustänneg, fir Weltraumgesetzer auszeschaffen.
"De Weltraum ass e Raum vu Staategemeinschaft an nëmmen déi international Communautéit ass responsabel, fir deementspriechend Reegelen ze maachen."
Schwéier e Konsens ze fannen
"Et wäert nach ganz laang daueren, bis d'Weltraumressourcen iwwerhaapt kënne genotzt ginn. Et ass also verständlech, datt wéineg Staate sech dofir interesséieren."
En internationalen Accord fir d'Notze vu Ressourcen aus dem All wier just méiglech, wann och grouss Muechte wéi d'USA, Russland a China géife matmaachen. D'Vereenten Natioune wieren déi richteg Plaz, fir iwwert weltraum-rechtlech Froen ze diskutéieren. Dem Stephan Hobe no wier et awer schwiereg, e Konsens ze fannen.
"Bei bal 90 Staaten, déi an der Weltraumkommissioun vertruede sinn, ass et schwéier, e Konsens ze fannen. Bal jiddereen huet e Veto-Recht".
International Communautéit kënnt zesummen
Och wann den Expert Stephan Hobe d'Lëtzebuerger Gesetz iwwert de "Space Mining" staark kritiséiert, hätten esou Initiative vun eenzele Staaten awer e positiven Nieweneffekt.
"Wann dat schlussendlech dozou féiert, datt déi international Communautéit zesummekënnt, fir gemeinsam Reegelen auszeschaffen, da wär genee dat erreecht, wat néideg ass."