Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stéphanie Empain méiglech gréng Spëtzekandidatin am Norden

Chamberwahlen 2018

Stéphanie Empain méiglech gréng Spëtzekandidatin am Norden

D'Nord-Lëscht vun déi gréng fir d'Chamberwahle kéint 100,7-Informatiounen no nieft dem Claude Turmes vun der Stéphanie Empain ugefouert ginn. De grénge Parteipresident wëllt d'Informatioun net kommentéieren.

auto_stories

1 min

Déi 34 Joer al Stoffwëndelberoderin vun Ierpeldeng a fréier Chargée de mission bei der Arméi ass eisen Informatiounen no am Gespréich fir d'Spëtzekandidatur vun der Françoise Folmer ze iwwerhuelen. De grénge Parteipresident kommentéiert d'Informatioun net. De Christian Kmiotek sot eis awer, d'Wahlkommissioun hätt dem Bezierk Norden e Virschlag gemaach. De Bezierk géif séier eng Decisioun huelen. D'Stéphanie Empain war virun zéng Joer schonn am Comité vun déi jonk gréng.

D'Françoise Folmer hat de 5. Juni iwwerraschend annoncéiert sech mat Effet immédiat aus der Politik zeréckzezéien. Op der Lëscht vun déi gréng am Norden ass wéinst där Demissioun nach eng Plaz ze besetzen: Et muss also nach e Kandidat oder eng Kandidatin designéiert ginn.