Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No der Statutereform méi Participatioun?

CSV-Statutereform

No der Statutereform méi Participatioun?

Wéi partizipativ ass d'CSV an Zukunft? D'Affekotin Stéphanie Weydert huet d'Reformkommissioun mat geleet.Déi bäigeuerdent Generalekretärin äussert sech am Interview och iwwer d'Resultat vum FN am éischten Tour.

Mick Entringer / ckl

auto_stories

2 min

Stéphanie Weydert

D’Wahlresultat vum Front national bei de Regionale sinn eng Reaktioun op d’Terroruschléi vum 13. November, esou déi bäigeuerdent CSV-Generalsekretärin. Der Stéphanie Weydert no hätten d‘Attentater eng protektionnistesch Reaktioun a Frankräich ausgeléist. Dat hätt de Front national a senger Ideologie verstäerkt, fir Frankräich no baussen zou ze maachen. Dobäi kéim déi niddereg Participatioun. Beim zweeten Tour e nächste Sonndeg kéint dat änneren.

De rietsextreme Front national gouf bei de Regionalwalen stäerkst Partei.

Keng bindend 40% Fraequot

D'CSV huet sech um Kongress an zwee Votë géint eng bindend 40 Prozent Fraequoten ausgeschwat. Dat wär kee Réckschrëtt, esou d’Stéphanie Weydert. 2001 hätt d'CSV sech eng een Drëttel Quot an de Statute ginn, an doduerch vill kompetent Fraen ugezunn. Ausser deene Gréngen hätt keng aner Partei Fraequoten, ënnersträicht d’Stéphanie Weydert.

Primaries, net am Sënn vun der Partei

“E Spëtzekandidat auswielen däerf net an enger Dunkelkammer geschéien”, sot de fréiere CSJ-President Charel Schmit an engem 100,7 Interview.

Et wär kee Privileg, datt de Parteipresident e Spëtzekandidat auswielt, sou déi bäigeuerdent CSV-Generalsekretärin. An Zukunft soll den erweiderte CSV-Nationalrot Kandidate proposéieren, mat deenen de CSV-Parteipresident da muss Sondéierungsgespréicher féieren, éier e Parteikonvent iwwert ee Kandidat ofstëmmt, erkläert d’Stéphanie Weydert.

"Et muss ee wëssen, mir sinn eng Programmpartei, a mir sinn net do fir just Persounen ze wielen." Et kéint engem nationale Walkampf schueden, wa fir d’éischt an engem interne Walkampf Kandidate géintenee missten untrieden. “Dat ass net am Interêt vun der Partei wa mir de nächste Premierminister wëlle stellen."

CSV-Grondsazprogramm am Fréijoer 

Inhaltlech stellt sech d’CSV am Fréijoer nei op. Op engem nationale Kongress de 19. Mäerz stëmmt d’CSV iwwert en neie Grondsazprogramm of. Aktuell schafft eng CSV-Kommissioun ënnert der Leedung vun den CSV-Deputéierte Françoise Hetto a Serge Wilmes un enger CSV Programmpropos.