Sträit an der UGDA

100,7-Informatiounen no huet um Donneschdeg Owend quasi de ganzen Executivbureau vum Daachverband vun de Museksassociatiounen (Union Grand-Duc Adolphe) demissionéiert. De President Louis Karmeyer, d’Vizepresidente Robert Köller a Gilbert Girsch an den Trésorier André Heinen sinn zereckgetrueden, wéinst Meenungsverschiddenheete mam Generalsekretär Jeannot Clement.

Trombones Playing

"Hien huet verschidde Saache gemaach mat deene mir net d'Accord waren a mir hunn hien dunn frëndlech invitéiert zeréckzetrieden", esou de President Louis Karmeyer. Well de Jeannot Clement refuséiert huet, sinn déi véier aner Membere vum Executivbureau zeréckgetrueden. "Mir wollten einfach net méi mat him schaffen."

En Donneschden soll, de Statuten no, een neien Exekutiv Büro gewielt ginn, esou de Vizepresident Robert Köller. Bis dohinner soll d'Fonctionnement vun der UGDA assuréiert sinn. D’Membere vum Executivbureau ware bis 2016 gewielt.

Ech maache mäin Job!

310 Veräiner hätten hie gewielt, esou de Generalsekretär dee sech géint Virwërf wiert. Als Generalsekretär wier hie laut Statuten responsabel fir d'federaalt Sekretariat bei der UGDA ze féieren an z'organiséieren. "Wa Leit e Problem domadder hunn, datt ech ze vill do sinn, dann ass dat hire Problem", esou de Jeannot Clement. Hie géing op jidder Fall säin Job maachen a géing sech vun deem Gleis net ofbrénge loossen. Wat ziele géing, wieren d'Interessen vun der Basis.

Audio: 

De Bäitrag vum Maxi Pesch vum 25.09.:

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen