Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sträit ëm d'Impfung

Eisträich

Sträit ëm d'Impfung

"Impfneid" an "Impfdrängler" - dës nei Wuertkreatioune waren déi lescht Woch an Éisträich an aller Mond. Hei gouf et eng Diskussioun virun allem iwwer Lokalpolitiker, déi géint de Coronavirus geimpft goufen, obwuel si net zu de prioritäre Gruppe gehéieren. Méi generell geet et dobäi ëm d'Fro, wéi ee soll mat der seelener Wuer "Impfstoff" ëmgoen.

auto_stories

2 min

An de leschte Méint ass vill iwwer sougenannten Impfskeptiker oder Impfverweigerer geschwat ginn. Lo, wou déi nei Virusmutatioun sech an Eisträich staark ausbreet a bekannt gouf, datt et Schwieregkeete bei der Liwwerung vu verschiddenen Impfstoffer gëtt, geréit eng aner Grupp an de Fokus: Déi lescht Woch sinn an Éisträich eng ganz Réi Fäll mediatiséiert ginn, an deene virun allem Buergermeeschterinnen a Buergermeeschtere sech a Seniorenheemer impfe gelooss hunn. An dat obwuel si net zu enger prioritärer Alters-, Risiko- oder Beruffsgrupp gehéieren.

D'Regierung zu Wien huet dës Fäll verurteelt a Konsequenze fir déi Betraffe gefuerdert. De grénge Vize-Kanzler Werner Kogler huet d'Virgoensweis vun de Buergermeeschteren als "empörend" bezeechent.

"Das kann so nicht sein und so weitergehen. Das zerstört ja grad viel zu viel Glaubwürdigkeit und grad die brauchen wir jetzt ja."

Impfneid?

Am Bundesland Vorarlberg, wou déi éischt Fäll publik goufen, sollen elo extra Oppasser geschéckt ginn, fir ze kucken, datt nëmmen déi Leit geimpft ginn, déi Prioritéit hunn. Déi Betraffe selwer wiere sech an de meeschte Fäll géint d'Virwërf. Sou och am Fall vun dësem Buergermeeschter aus Vorarlberg, dee géigeniwwer dem ORF sot:

"Weil ich gehört habe, dass am Schluss einer solchen Impfaktion immer ein Restposten übrigbleibt. Und ich schmeisse zu Hause auch kein hartes Brot weg. Dann wird halt noch ein Toast gemacht. Ich denke, es ist auch schade, wenn man eine Impfdosis wegwerfen muss."

Een Dag no dësem Interview huet sech de Buergermeeschter fir säin Handelen entschëllegt. Op där anerer Säit hunn déi sougenannten "Impfdrängler" awer och hir Ënnerstëtzer: A Leitartikele gëtt virun engem "Impfneid" gewarnt. Och d'Argumentatioun mat den Impfdosen, déi soss fortgehäit géife ginn, gëtt villfach genannt. An am Bundesland Salzburg stellt sech déi regional Regierung demonstrativ hanner hir Buergermeeschteren, déi scho geimpft sinn.

An Zukunft soll d'Prioritéitelëscht erëm agehale ginn

Si sinn och net déi eenzeg, déi eng preferenziell Behandlung kruten. Am Tirol ass d'Personal vun enger Réi Privatklinniken, déi op Onfallchirurgie ronderëm de Wantersport spezialiséiert sinn, schonn zur Hallschent geimpft ginn. An den ëffentleche Spideeler mat hire Covid-Statiounen gëllt dat par konter just fir e Brochdeel dovun.

D'Coronaimpfung suergt an Eisträich deemno nieft der erwënschtener Immunitéit och fir déck Loft. Déi meescht Bundesländer hunn dofir elo Mesuren ergraff, fir datt an Zukunft näischt méi vun der Mangelwuer Impfstoff ongenotzt bleift an d'Prioritéitelëscht trotzdeem agehale gëtt.