Radioen

On air

De Moien  |  Queen - You're My Best Friend

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sträit tëscht ORF an FPÖ

Éisträich

Sträit tëscht ORF an FPÖ

An Éisträich gëtt et Sträit tëscht der Regierungspartei FPÖ an dem ëffentlech-rechtleche Sender ORF. De bekannten Noriichtepresentateur Armin Wolf wëllt géint de Vize-Kanzler vun Éisträich, den Heinz-Christian Strache kloen. Deen hat op Facebook e Bild gedeelt, an deem dem Armin Wolf virgeworf gëtt, bewosst falsch Noriichten ze verbreeden.

auto_stories

2 min

Um Bild, dat e Méindeg gepost gouf, gesäit een eng Foto vum Journalist Armin Wolf. Dozou den Text: "Es gibt einen Ort, an dem Lügen zu Nachrichten werden. Das ist der ORF." Et ginn dem ORF an dem Armin Wolf "Fake News, Ligen a Propaganda" virgeworf.

De Betraffenen Armin Wolf huet ugekënnegt mat enger Klo op de Virworf vun der Ligen ze reagéieren. Och den ORF selwer préift weider rechtlech Schrëtter.

Den Ausléiser fir de Sträit

De Grond fir d'Attack vum Vize-Kanzler Strache op den ORF ass eng Affär ëm e Bericht vum regionale Sender ORF Tirol. An de lokalen Noriichten Tirol heute gouf de lokale Spëtzekandidat vun der FPÖ, Markus Abwerzger, gewisen, wei hien engem eeleren Här nolauschtert, deen d'Hitlerjugend verherrlecht a staark antisemitesch Aussoe mécht.

De Bäitrag war sou geschnidden, datt een als Zuschauer den Androck hat, den FPÖ-Politiker géif dem Mann net widderspriechen. Méi spéit huet den ORF déi ganz Sequenz verëffentlecht, op där ee gesäit, datt den Markus Abwerzger dem Här widdersprécht.

Den ORF huet sech offiziell entschëllegt. D'FPÖ hellt d'Virfäll awer als Ulass, fir den ORF allgemeng ze kritiséieren a personell Konsequenzen ze verlaangen.

Pressefräiheet - "e Pilier vun der Demokratie"

De Gerhard Moser ass Kulturjournalist beim ORF-Radio Ö1 a President vum ORF-Betribsrot. Hie mengt, datt et ëm méi geet, wéi nëmmen ëm e Bericht vum ORF Tirol. D'Partei kéint näischt mat kriteschem Journalismus a kritescher Konscht ufänken. Dat wier schonn ënnert dem Jörg Haider sou gewiescht. "Si huet ëmmer nees probéiert, fir Journalisten z'intimidéieren a si mécht et och haut erëm.

An de leschte Wochen huet d'FPÖ den ORF ëmmer nees attackéiert. Dëst ass am Kontext vun engem neien ORF-Gesetz ze verstoen, dat déi nei Regierung zu Wien plangt. Dem Gerhard Moser no géif et hei och drëms goen, déi ganz Spëtzt vum ORF auszetauschen. Hie kritiséiert d'Roll vun der anerer Regierungspartei, der konservativer ÖVP. "Ech erwaarde mir vun enger biergerlecher Partei, datt si hire Koalitiounspartner (...) drun erënnert, datt mir hei eng demokratesch Republik sinn." D'Pressefräiheet a kritesche Journalismus wieren ee Pilier vun där demokratescher Republik.

An engem weidere Facebook-Post huet de Vize-Kanzler Strache geschriwwen, dat hien dem Armin Wolf ugeruff hätt fir him matzedeelen, datt de Facebook-Post net perséinlech géint hie geriicht gewiescht wier, mä eng "satiresch Reaktioun op d'Affär mam ORF Tirol". Den Armin Wolf huet dëst Telefonat ob sengem Blog bestätegt, betount awer, datt hie bei senger Klo bleift.