Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - Rhythmicon - Pascal Schumacher

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Streik um Findel sou aktuell, wéi nach ni"

Fluchhafen

"Streik um Findel sou aktuell, wéi nach ni"

Um Findel kënnen et keng zwee Bedreiwer ginn, seet den Direkter vun der Aviation Civile am 100,7-Interview am Kontext vun engem Sträit, deen eventuell zu engem Streik um Fluchhafe kéint féieren. Déi staatlech Fluchhafe-Verwaltung ANA an déi privat Gesellschaft Lux-Airport kéinten de Lëtzebuerger Fluchhafen net zesumme geréieren, esou d'Direction de l'aviation civil. Gëschter haten d'Gewerkschaften an de Ministère allerdéngs en deementspriechenden Accord fonnt. Elo wier e Streik esou aktuell wéi nach ni, reagéiert den OGBL.

auto_stories

1 min

D'EU Reglement géif allerdéngs just een eenzege Responsabele fir den "Aerodrome Operator" virgesinn, esou de Pierre Jaeger, Direkter vum Regulateur. Den Accord tëschent dem Infrastrukturministère an de Gewerkschafte vu gëschter gesäit allerdéngs vir, datt déi privat Gesellschaft Lux-Airport de Bedreiwer gëtt an d'Fluchhafeverwaltung ANA a Beräicher vun der Fluchsécherheet trotzdeem responsabel bleift. Esou eng Co-Exploitatioun wier awer net méiglech, erkläert den Direkter vun der DAC.

"D'Dispositiounen, datt et zum Beispill zwee Operateure kéinte ginn oder datt d'Responsabilitéiten delegéiert ginn, dat gesäit d'EU Reglement net vir".

Den Text géif elo nach eemol iwwerschafft ginn, ier en dann zréck bei de Regulateur geet, esou nach den Direkter vun der Direction de l'Aviation Civile

Streik um Findel

Wann eng Co-Exploitatioun elo net méiglech wier, da misst d'ANA eleng de Bedreiwer vum Findel bleiwen, reagéiert den OGBL. Dem Gewerkschaftler Hubert Hollerich no dierft de private Fluchhafebedreiwer Lux-Airport op kee Fall déi lescht Decisioun um Findel huelen. E Streik vun der Fluchhafeverwaltung ANA wier elo sou aktuell, wéi nach ni.

Bäitrag Reaktioun DACplay_arrow

Reaktioun OGBL play_arrow