Radioen

On air

De Moien  |  Wild Beasts - Mecca

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Streik vun de Coureuren: "Eng penibel Saach"

Tour de Luxembourg

Streik vun de Coureuren: "Eng penibel Saach"

Esou e Streik géif ee sech net wënschen, mee et wier en Impuls fir d'Sécherheet ze verbesseren, esou den delegéierte President vum Tour de Luxembourg. Vu muer u sinn duebel souvill Motorrieder am Asaz.

auto_stories

1 min

Nom Streik vun de Coureuren op der zweeter Etapp vum Tour de Luxembourg verstäerken d'Organisateure fir muer d'Sécherheetsmesuren. Am 100,7-Interview erkläert de Pierre Barthelmé, datt vu muer u méi Motorrieder agesat ginn. D'Zuel vu Motarden, déi op d'Stroossesécherheet oppassen, géif vu 15 op 30 verduebelt ginn.

"Penibel Saach"

"Et ass net dat, wat ee sech wënscht, mee et ass kengem eppes geschitt", seet den delegéierte President vun der Vëloscourse, déi nach bis de Samschdeg dauert. Et wier en Impuls fir d'Sécherheetsmesuren ze iwwerdenken an ze verbesseren.

De Pierre Barthelmé confirméiert net d'Aussoen a verschiddene Medien, datt d'Coureure gestreikt hu well ze vill Autoen entgéint komm wieren. Den eenzege Grond wier dem delegéierten TDL-President no no een eenzegen Auto gewiescht, deen trotz enger Policeverwarnung net stoe bliwwen an an d'Course eragefuer wier.

An de leschte Joren hätten d'Automobilisten de Respekt vis-à-vis vun esou enger Course verluer, bedauert de Pierre Barthelmé: "Ech mengen et kann ee verstoen, datt d'Leit wëlle séier vun A op B kommen. Mee déi Course dauert wierklech net laang."

Den Owend hunn d'Organisateuren eegenen Aussoen no nach eng Reunioun mat den Equippe geplangt fir iwwer de Virfall ze diskutéieren.