#Streik6670: opmannst 10.000 Schüler a Studenten manifestéieren

Nationale Schülerstreik géint déi geplangte Reform vun de Studiebäihëllefe vum DP-Educatiounsminister Claude Meisch. Kuerz no 10 Auer sinn 3 Cortègen op verschiddene Sitë fortgaang: vum Lampertsbierg, dem Geesseknäppchen a vun der Gare, Richtung Place Clairefontaine an der Stadt. Do huet d’Police de Moie kuerz no 11 Auer, 10.000 Manifestante gezielt. De Streikcomité schwätzt vun 17.000 Leit, déi bei der Manifestatioun dobäi waren. De Michel Delage war de Moien op der Plaz, seng Live-Interventioun an eisem Mëttespanorama:

 

Den Educatiounsminister ass prett fir gewësse Schéinheetsfeeler beim geplangten neie Bourse-System z’eliminéieren: et géifen nach eng Rei vu Berechnunge gemaach ginn, sou de Claude Meisch am 100,7-Interview. Déi geplangten Zomme vum neie Bourse-System wëllt hien awer net amendéieren. De Serge Kesseler huet am Virfeld vun der Manifestatioun mam Educatiounsminister geschwat:

 

Grad wéi den Educatiounsminister weisen d’Deputéierte vun de Majoritéitsparteien sech prinzipiell dialogbereet: un eenzelne Schrauwe kann nach gedréint ginn, mee bei der Budgetsenveloppe gesinn och den Eugène Berger (DP), d'Taina Bofferding (LSAP) an de Claude Adam (déi Gréng) kaum Sputt.

Den DP-Fraktiounschef seet am 100,7-Interview dorobber, déi mannste Studente géife mat der geplangter Reform um Schluss manner kréie wéi mam System vu virun 2010. Iwwerdeems weist den Eugène Berger drop hinn, datt déi verschidde Schüler- a Studenten-Organisatiounen net déi selwecht Revendicatioune formuléiert hunn. Kommunikatiounsfehler hätt d'Regierung an hirer geplangter Spuerpolitik keng gemaach. D'Reform vun de Studiebäihëllefe misst bis Enn Juni vun der Chamber gestëmmt ginn.

De ganzen Interview vum Pia Oppel mam Eugène Berger:

 

D'Taina Bofferding hält vereenzelt Ännerungen um Gesetzesprojet 6670 fir néideg. Ob domadder eng Hausse vun der Budgetsenveloppe misst verbonne sinn, wollt d'LSAP-Deputéiert net kloer beäntweren. D'"Kaddoen" vun 2010 wieren e Fehler gewiescht, deen d'LSAP mat gedroen hätt, obwuel d'Reform an der sozialistescher Partei ëmstridde war, sou d'Taine Bofferding. Lo wier et un der LSAP hier verantwortung z'iwwerhuelen:

 

"Mir sinn eis alleguerten eenz, datt een d'Bourse an dräi Deeler opdeelt: eng Basis-Bourse, eng Mobilitéitsbourse an eng Bourse no soziale Critèren", sou de Claude Adam, Deputéierte vun déi Gréng. Datt verschidde Studenten dono manner finanziell Hëllef vum Staat kréien, hält de gréngen Deputéierte fir akzeptabel. Um Niveau vun der Bourse no soziale Critèrë misst awer eventuell d'Zuel vun de Kanner pro Stot considéréiert sinn. Datt déi Jonk wéint den annoncéierte Spuerefforte vun der Regierung och an anere Beräicher vun der Sozialpolitik veronséchert sinn, hält de Claude Adam fir eng méiglech Explikatioun fir de Succès vun der Manifestatioun:

Net verpassen

  • BEAUTIFUL DECAY Festival

    Beautiful Decay Festival.jpg

    Vum 28.-29. Mee ass den BEAUTIFUL DECAY Festival am Gréiweschlass zu Käerch. De radio 100,7 ass e Samschdeg den 28.05. live sur place.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen