Radioen

On air

Resonanzen  |  Scott Joplin - Reflection Rag - Diavolo Chamber Orchestra

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Strikt Restriktiounen evitéieren

Corona-Pandemie

Strikt Restriktiounen evitéieren

D'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen an déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché si skeptesch, wat d'Aféiere vu méi restriktive sanitäre Mesurë wéi an den Nopeschlänner ugeet. Hir Aussoe weisen: D'Chamber bleift an der Corona-Kris vun den Informatiounen aus de Ministèren ofhängeg.

auto_stories

4 min

D'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen an d'Fraktiounscheffin vun déi gréng, d'Josée Lorsché. Fotoen: Archiv

Anescht wéi zum Beispill déi franséisch Assemblée nationale, huet de legislative Pouvoir am Grand-Duché bis ewell net evaluéiert, wéi d'Exekutiv d'Coronakris geréiert. D'Méiglechkeete vun der Oppositioun wiere begrenzt, seet d'Martine Hansen. Zum Beispill wier d'Majoritéit net bereet gewiescht, mat op de Wee vun engem "Rapport spécial" ze goen. Do hätt d'Chamber kënnen Experten héieren, fir esou och d'Krisegestioun vun der Regierung duerch eng eegen Analys ze begleeden, mengt d'CSV-Fraktiounscheffin.

Dat wier an der akuter Phas vun der Kris net sënnvoll gewiescht, äntwert dorobber d'Josée Lorsché. Effektiv hätt d'Parlament an dëser Thematik keng eegen Expertis. Trotzdeem goufe bis ewell keng extern Beroder erugezunn, fir eng Analys ze maachen: "Ech mengen, do musse mir wierklech een Zant zouleeën".

"Kee Grond zu Panik"

Obwuel d'Infektiounszuelen déi lescht Deeg geklomme sinn, an d'Nopeschlänner zum Deel nees op däitlech méi Restriktioune setzen, gesi béid Fraktiounscheffinne fir den Ament nach keen akute Besoin fir méi drastesch Mesuren. (D'Emissioun gouf Freideg am spéiden Nomëtteg opgeholl - also virum Regierungsrot, dee fir de Samschdeg Owend aberuff gouf)

Fir dozou eng Ausso ze maachen, misst ee wëssen, wou d'Leit sech genee ustiechen, mengt d'Martine Hansen. Et wieren an hiren Aen awer méi kloer Reegelen an de Schoulen néideg a fir vulnerabel Leit besser ze schützen. D'CSV-Fraktiounscheffin plaidéiert och fir eng allgemeng Maskeflicht am ëffentleche Raum. Restriktiounen, wéi se an den Nopeschlänner ageféiert ginn, misst ee versichen ze verhënneren.

D'Regierung géif sech elo vu Wëssenschaftler berode loossen, a si wéilt där Analys net virgräifen, seet d'Josée Lorsché. Mee et dierft een d'Zil net aus den Ae verléieren: d'Spideeler dierften net iwwerlaascht ginn an do géif fir den Ament kee Grond zu Panik bestoen.

Betreiungsstrukture méi kontrolléieren?

Den Ombudsman, de Centre pour l'égalité de traitement an déi consultativ Mënscherechtskommissioun hunn d'Aféiere vun enger externer Kontroll gefuerdert, fir Strukturen, déi Leit mat enger Behënnerung encadréieren. Wärend der Corona-Kris wiere vun do vill Abuse gemellt ginn, wou d'Mënschewürd net respektéiert gi wier. Eng änlech Fro stellt sech bei den Alters- a Fleegeheemer, déi wéinst der Corona-Kris d'Rechter vun den eelere Leit deels staark ageschränkt hunn.

D'Josée Lorsché hält eng extern Kontroll fir dës Betreiungsstruktur fir eng schlecht Léisung. Amplaz missten et méi kloer Reegele fir e mënschewierdegen Ëmgank mat den Awunner ginn. Spezifesch fir d'Gestioun vun der Corona-Kris misst d'Regierung vill méi kloer Reegele virginn, fir datt keng Abuse geschéien, fënnt d'Martine Hansen. Eréischt wann ee Reegelen hätt, kéint ee se och kontrolléieren.

FIS-Steier: D'Richtung stëmmt

Béid Fraktiounscheffinne begréissen, datt Revenuen aus Immobilien an Zukunft solle besteiert ginn, och wann dës Immobilien iwwer e spezialiséierten Investmentfong (FIS) geréiert ginn. Et wier awer net gerecht, datt hei net déi normal Besteierung fir Loyersrevenue spillt, mee een Taux vu just 20 Prozent gëllt, fënnt d'Martine Hansen.

D'Steier gëllt just fir FISen, déi hei am Land domiciliéiert sinn. Wa Lëtzebuerger Immobilien an ee Fong am Ausland placéiert ginn, kann ee laanscht d'Steier kommen. De Problem wier mat dëser Reform nach net geléist, seet dozou d'Josée Lorsché: "Ech mengen, datt den Här Gramegna sech där Problematik bewosst ass, datt hien dru bleift." Och d'CSV-Fraktiounscheffin gesäit hei nach Diskussiounsbedarf.

Steieravantagë fir Investisseuren

Andeems den Taux d'amortissement méi niddreg gëtt a manner laang gëllt, kënnen Immobilieninvestisseuren an Zukunft manner vun de Steieren ofsetzen. Dat wier déi richteg Approche, fënnt d'Martine Hansen - et géif awer d'Problematik vun der Wunnengsnout net léisen. Dat gesäit och déi gréng Fraktiounscheffin esou: just mat ëffentlechem Wunnengsbau géif een dee Problem an de Grëff kréien.

Datt Immobilieninvestisseuren nieft dem Taux d'amortissement och nach Zënse vun de Steieren ofsetze kënnen, wier awer effektiv net gerecht, fënnt d'Josée Lorsché: "Mir hu scho laang keng Steiergerechtegkeet méi zu Lëtzebuerg." Elo wier awer ee Schrëtt an déi richteg Richtung gemaach ginn.

Sozial gerecht Eco-Subsiden

Déi nei CO2-Steier, déi vun 2021 gëllt, huet als Zil, datt Leit op méi klimafrëndlech Alternativen ëmklammen: bei der Mobilitéit, mee zum Beispill och beim Hëtzen. Fir sech een Elektroauto ze leeschten, oder eng energetesch Sanéierung vum Logement kënnen ze maachen, brauch een trotz de staatlechen Aiden awer vill Eegekapital.

D'CSV hätt dowéinst eng méi sozial gerecht Ausriichtung vun dëse Subside gefuerdert, betount d'Martine Hansen. D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg géif am Mäerz nei Krittären aféieren, äntwert d'Josée Lorsché: "Et muss ee sech och froen, ob een, dee sech en Auto vun 'ech-weess-net-wéi-vill' Dausend Euro keeft, ob dee muss ënnerstëtzt ginn, wann e sech deen deieren Auto ka leeschten. Mir mengen och, datt do eng sozial Gewiichtung misst dra kommen."