Radioen

On air

Kultur um 5  |  Phoebe Bridgers - Kyoto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Suchtverband fuerdert Accès zur Fleegeversécherung a méi Fixerstuffen

Hëllef bei Drogenofhängegkeet

Suchtverband fuerdert Accès zur Fleegeversécherung a méi Fixerstuffen

D'Daachorganisatioun vun den Associatiounen, déi am Suchtberäich aktiv sinn, huet eng ganz Partie Fuerderungen un d'Politik. Gefuerdert ginn ënner anerem den Ausbau vun Opfaang- a Begleetstrukturen, fir Formatioun a fir Preventioun. De Suchtverband fuerdert och en Accès zur Fleegeversécherung fir Betraffener, Formatioun fir Spideeler a Fleegeinstitutiounen a Schafung vu spezifeschen neien Opfaangstrukturen.

auto_stories

3 min

Och fir Jonker gëtt d'Schafung vun engem stationären therapeuteschen Zenter gefuerdert. Aktuell gëtt et fir si a ville Fäll just Plazen am Ausland. Dréngend noutwendeg wieren och zwou nei Fixerstuffen am Land.

Nationale Statistiken no ass de problemateschen Drogekonsum vun illegalen Drogen zu Lëtzebuerg réckleefeg. Gläichzäiteg geet d'Zuel an d'Luucht vun Drogekonsumenten, déi an engem Traitement sinn, oder déi sech un eng Berodungs- an Hëllefsstruktur wennen. 2016 gouf et dem nationalen Drogerapport no 150.000 esou Ufroen.

Ausbau vun Opfänk- a Begleetsstrukturen néideg

Eng geschaten 500 Persounen zu Lëtzebuerg hu just e limitéierten Zougang zu medezinescher Versuergung, well si keng Krankekeess hunn, seet de Jean-Nico Pierre vum Suchtverband. D'Daachorganisatioun vun de sozial ONGe fuerdert, datt dat sech ännert. Betraff si Leit ouni Wunneng an Drogenofhängeger. An engem Fuerderungskatalog un d'Regierung, u staatlech a kommunal Verwaltungen, lancéiert de Suchtverband en Appell fir den Ausbau vun Opfänk- a Begleetstrukturen, fir Formatioun a fir Preventioun. Generell ass et d'Fuerderung, fir méi e Bewosstsinn fir d'Sucht- an Drogeproblematik, besonnesch bei de Parteien, seet de Jean-Nico Pierre.

Opschonn am Oktober Wahle wieren, hätt hien net den Androck, datt d'Parteie sech fir d'Problematik géifen interesséieren, och net wat d'Leit op der Strooss ugeet. De Problem géif awer ëmmer méi grouss ginn. Hie géif gesinn, datt zu Lëtzebuerg dacks vun de Gemenge gesot gëtt: "Jo, dat do ass net e Problem vun der Gemeng, et ass e Problem vum Staat. De Staat zitt sech ëmmer méi aus der Sozialpolitik zeréck."

Suchtverband fuerdert Accès zur Fleegeversécherung a weider Fixerstuffen

De Problem vu Laangzäitdrogekonsumenten, déi an den Alter kommen hëlt zou. De Suchtverband fuerdert fir si en Accès zur Fleegeversécherung, Formatioun fir Spideeler a Fleegeinstitutiounen a Schafung vu spezifeschen neien Opfänkstrukturen. Och fir Jonker gëtt d'Schafung vun engem stationären therapeuteschen Zenter gefuerdert. Aktuell gëtt et fir si a ville Fäll just Plazen am Ausland. Dréngend noutwendeg wieren och zwou nei Fixerstuffen am Land: eng am Norden an eng zweet an der Stad, nieft där zu Esch.

Betraffener ëmmer méi al

Fréier hätt een eng relativ jonk Clientèle gehat, haut wieren déi meeschte Leit 40 Joer oder méi al, seet de Jean-Nico Pierre. Bei der Jugend- an Drogenhëllef wieren iwwer 50 Prozent vun de betreite Leit méi al wéi 40 Joer, beim Abrigado wier et ähnlech. "Déi hunn awer vill méi Problemer a vill méi intensiv Problemer an dofir muss och aneschters a méi intensiv mat hinne geschafft ginn. Et ass méi personalopwenneg, et musse méi Formatioune gemaach ginn. Et mussen och ganz speziell Institutioune geschaaft ginn, well esou séier kritt een och net méi e jonken an en Altersheem an e Fleegeheem eran."