Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Suchtverband Lëtzebuerg: Regierung huet Dossier falsch ugepaakt

Cannabis

Suchtverband Lëtzebuerg: Regierung huet Dossier falsch ugepaakt

Nom Revirement vun der Regierung am Cannabis-Dossier seet de Suchtverband Lëtzebuerg, d'Regierung hätt den Dossier am Ufank falsch ugepaakt. De President vum Daachverband vun de Lëtzebuerger Drogen- und Suchthëllefariichtunge mengt, et sollt e vun enger Regulariséierung schwätzen amplaz vun enger Legaliséierung.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Gëscht hate mir jo gemellt, datt d'Regierung hir Pläng aus dem Koalitiounsaccord opginn huet fir e staatlech kontrolléierten Ubau a Verkaf vu Cannabis, an datt awer den Ubau fir privat Zwecker a klenge Quantitéite soll iwwer e Reglement erlaabt ginn.

De René Meneghetti, President vum Suchtverband Lëtzebuerg, ass dobäi kategoresch: d'Legaliséierung wier e komplexe Prozess, deen een net einfach op nationaler Ebene kéint decidéieren, vu datt dat wäit international Repercussiounen hätt. Et wier een zu Lëtzebuerg net op enger Insel, mee et misst een den Dialog siche mat den Nopeschlänner an de Partner hei am Land.

Ëmsou méi begréisst de René Meneghetti, den Echange tëschent dem Ministère an dem Terrain:

"Einfach well mir och op gewësse Saachen opmierksam gemaach hunn, déi esou an enger éischter Verfassung geholl gi waren a wou mir gesot hunn, et muss een e bëssen op Terminologien oppassen."

Vu Reglementatioun amplaz vu Legalisatioun ze schwätze wier och am Kontext vun der Präventioun wichteg, well do hätt ee Jonker, déi géife soen: "Voilà, Monsieur, iwwer wat schwätze mir hei. Et gëtt souwisou legaliséiert, mir kënnen dann alleguerte kiffen."

Et misst een dofir oppassen, wat eng Messagen een erausgëtt. D'Messagen aus der Press kéinte bei der Präventioun kontraproduktiv sinn.

De René Meneghetti bedauert nach, datt d'Politik ugangs hir Hausaufgaben net wierklech gemaach hätt:

"Et war zu deem Zäitpunkt wou Kanada (...) amgaangen oder scho fäerdeg war mat dem Prozess. An dat huet natierlech och Leit interpelléiert fir ze soen: OK, dat ass fortschrëttlech am Sënn vun Drogepolitik. (...) D'Positioun vu Lëtzebuerg a Kanada ass anescht - mir sinn an enger EU-Zone, Kanada an Amerika hunn eng ganz kloer Grenz, dat hu mir alles net méi. Dat muss een alles mat berécksiichtegen an der geographescher Lag an an der politescher Lag wou Lëtzebuerg sech befënnt. An ech mengen déi Envergure, déi hat net esou jidderee mat berécksiichtegt."