Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.10 an Do Majeur, K330, III. Allegretto - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Suen aus dem EU-Budget fir den europäesche Verdeedegungs-Fong

Verdeedgungspolitik

Suen aus dem EU-Budget fir den europäesche Verdeedegungs-Fong

An der EU soll am militäreschem Beräich méi enk zesummegeschafft ginn, wënscht sech d'EU-Kommissioun. Bréissel huet des Woch proposéiert, dat bis zu 500 Milliounen Euro d'Joer sollen an een europäesche Verdeedegungs-Fong fléissen. D'Sue kéimen aus dem EU-Budget. D'EU-Memberlänner wiere prett dofir, sou d'Aschätzung. Déi bezitt sech och op d'USA, deem gréissten Alliéierten an der NATO.

auto_stories

4 min

Den Donald Trump bréngt Beweegung an déi europäesch Politik. Och um militäresche Plang kéint de Wiessel un der amerikanescher Spëtzt eng nei Dynamik ausléisen. Dat hofft op alle Fall déi Europäesch Kommissioun.

Et wier an de leschte Méint eng grouss Bereetschaft do gewiescht, op deem Terrain zesummenzeschaffen, sot d'Cheffin vun der EU-Diplomatie, wéi si ee Reflexiounspabeier mat Visiounen fir d'Zukunft vun der Europäescher Verdeedegungspolitik virgeluecht huet. "Ech gesinn net, datt d'EU-Memberstaate solle frustréiert sinn. Ganz am Géigendeel hunn ech d'Gefill, datt déi nach 28 Länner am nämmlechte Rhythmus an um nämmlechten Niveau wëllen zesummeschaffen."

Zesummenaarbecht um militäresche Plang

Déi transatlantesch Relatiounen evoluéieren. An d'EU muss och capabel sinn, eleng ze agéieren, heescht et am Pabeier. D'EU misst senge Bierger weider Garantie fir de Fridden ginn, an dat geet am beschten, wann ee sech zesummendeet.

Dozou mécht d'Kommissioun elo mam Europäesche Fong fir eng gemeinsam Verdeedegung eng praktesch Propose. Dee Fong soll aus dem EU-Budget gespeist ginn, dat ass eng Premiere. An enger éischter Phase sinn 90 Milliounen virgesinn. Am Budget fir 2020 sollen et schonn 500 Milliounen sinn. Am nächste pluriannuelle Budget vun der EU soll ee Poste vun enger Milliard Euro d'Joer fir de Verdeedegung-Fong stoen.

D'Sue sollen an éischter Linne d'Zesummenaarbecht vun den EU-Memberlänner um militäresche Plang ukuerbelen. D'Kommissioun kéint sou zum Beispill gemeinsam Recherche-Projeten kofinanzéieren oder awer d'Entwécklung vun Prototyppen, genee ewéi den Akaf vu militäreschem Material.

Méi Efficacitéit an der EU-Défense

D'Länner sollen net onbedéngt méi Sue fir Defense ausginn, mä si sollen dat zesumme maachen an domat méi efficace ginn. Dat ass d'Iddi.

Grad d'Propose, um industrielle Plang zesummenzeschaffen, kéint fir vill Länner interessant sinn, seet den Andrea Frontini vum Europaen Policy Centre. Och wéinst der ekonomescher Kris, déi sech bei den Depensë fir d'Verdeedegung bemierkbar gemaach huet. "De militäresche Budget an Europa ass am gaange staark erofzegoen. Et ass also ëmmer méi noutwenneg, datt een déi budgetäre Ressourcen zesummeleet. Et muss ee sech och op d'Sich no weidere Ressourcë maachen, fir weider Instrumenter a Plattformen ze finanzéieren an och déi national militäresch Kräften opzerëschten."

Länner wéi Frankräich, Däitschland, Spuenien oder Italien wiere sécher prett och doriwwer eraus méi enk Allianzen anzegoen. Den Expert zweiwelt awer drun, datt jidderee bereet ass, strategesch zesummenzeschaffen.

"Een irrationalen US-amerikanesche President"

"Déi politesch Landschaft erlaabt et weiderzekommen, mä et bleiwen nach elementar Froen opstoen", seet den Andrea Frontini. Déi misste fir d'éischt gekläert ginn. Dozou gehéieren zum Beispill strategesch Ofkommes tëscht den EU-Memberstaaten. "Wat maache mir zum Beispill op der militärescher Säit vun der Europäescher Verdeedegung? A wéi kréie mer et hin, Stabilitéit no baussen ze projezéieren?"

D'Situatioun an der EU huet sech geännert, seet och den Europadeputéierten Eugen Freund. Hie kënnt aus Éisträich, engem vun de fënnef EU-Memberstaaten, déi net an der NATO sinn an éischter op hir Neutralitéit pochen. D'EU misst haut anescht reagéieren, sou den Sozialdemokrat. "Mir musse mat engem irrationalen US-amerikanesche President eens ginn. Dat ass eppes, dat et an der Vergaangenheet nach net ginn ass.

"Op der anerer Säit hu mir et ze di mat engem ganz rationalen, awer gläichzäiteg och aggressive russesche President." An deene leschte Joerzéngten hätt een dat esou nach net kannt. "Virun allem net op der amerikanescher Säit. Europa muss sech drop astellen an anescht reagéieren."

U Waffesystemer spueren

De Mangel u Kooperatioun géif d'EU tëscht 25 an 100 Milliarden Euro pro Joer kaschten, huet d'Kommissioun ausgerechent. Déi 28 EU-Länner ginn am Joer ronn 230 Milliarden Euro fir d'Defense aus, dat ass manner wéi d'Halschent vun deem, wat d'USA dofir opbréngen. An der EU gëtt et awer och bal 180 verschidde Waffesystemer. An den USA ginn et der am Verglach nëmmen 30. Hei géif et also Spuerpotential, wann ee sech zesummendeet, seet den Eugen Freund.

Hie gesäit allerdéngs och Geforen an enger EU-interner Rationaliséierung. "Dat si Fabricken, déi eppes an deenen eenzelen europäesche Länner produzéieren. Wann ee sech also zesummendeet, misste verschidden Entreprisen hir Dieren eventuell zoumaachen." Dat géif dann och erëm Aarbechtsplaze kaschten. "Allerdéngs kéint een och scho méi wäit kucken a soen, datt een aus deene Fabricken eppes méi Anstänneges mécht. Domat kéint een dann och d'Aarbechtsplazen erhalen."

Suen aus de Recherche-Fongen

D'Fro ass, wéi wäit d'Memberstaate wäerte goen, wann et ëm konkret finanziell Engagementer fir déi gemeinsam europäesch Verdeedegungspolitik geet.

Déi 25 Milliounen, déi dëst Joer schonn aus dem Europäesche Budget an den Europäeschen Verdeedegungs-Fong fléissen, ginn aus aneren Projeten ofgezwackt. Et géif sech em verschidde Recherche-Fongen handelen. Een dovu betrëfft den Transport, en aneren d'Energie, sou een EU-Diplomat. Och den Europäesche Satellitten-Navigatiounssystem Galileo géif ugezaapt ginn.