Radioen

On air

Notturno  |  Richard Thompson - The Calvary Cross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Baugeneemegung ass de 27. November erausgaangen

Suneo Park Weiswampach:

Baugeneemegung ass de 27. November erausgaangen

Bis den 28. Februar leeft den Delai fir um Verwaltungsgeriicht Recours anzeleeë géint d'Baugeneemegung fir den Hotel- a Fräizäitkomplex Suneo Park zu Wäiswampech. D'Baugeneemegung gouf de 26. Oktober ënnerschriwwen, mee goung eréischt de 27. November eraus.

auto_stories

1 min

Dat well, wéi de Buergermeeschter Henri Rinnen erkläert huet, nach op d'Garantie d'achèvement an d'Bezuele vun den Taxe vum Promoteur, der belscher Lamy Group, gewaart gouf, éier d'Geneemegung ausgehaange gouf. Bis ewell wier him net bekannt, datt e Recours agereecht gi wier, sou den Henri Rinnen op eis Nofro. De President vun der Biergerinitiativ géint de Projet Suneo Park, de Pol Holweck, seet sengersäits, hie géif zanter dräi Wochen op e Rendez-vous fir déi definitiv Pläng waarden, fir op d'Gemeng kënne kucken ze goen.