Radioen

On air

Tockcity  |  La Luz - Strange World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Duell tëscht Trump a Clinton méi wahrscheinlech

Super Tuesday

Duell tëscht Trump a Clinton méi wahrscheinlech

Beim Super Tuesday dësen Dënschdeg goufen et am Ganzen an eelef amerikanesche Staaten Virwahle fir d’Presidentschaftskandidatur an den USA. D'Hillary Clinton an den Donald Trump hunn hir Positiounen als Leader vun hire respektive Parteien kloer verstäerkt. Eise Korrespondent zu Washington, de Phillip Crowther, huet de Super Tuesday suivéiert. Mir hunn eis mat him ënnerhal.

Pierre Reyland /ckl

auto_stories

4 min

Donald Trump an Hillary Clinton heeschen déi grouss Favoriten nom Super Tuesday (©Bigstock)

Wéi gesinn d'Resultater vun dëse Virwahlen am Detail aus?

Mir gesinn haaptsächlech zwee Gewënner: den Donald Trump op der Säit vun de Republikaner an déi fréier Ausseministesch Hillary Clinton bei den Demokraten. D'Hillary Clinton huet virun allem am Süde gewonnen, do hu véier US-Bundesstaate gewielt an si huet do alles fir sech entscheed. Hire Konkurrent, de Bernie Sanders huet an e puer Staaten am Nordoste gewonnen. Do ass och éischter seng Basis, besonnesch am Vermont, deem Bundesstaat also wou hien Senator ass. Den Donald Trump huet sengersäits a siwe vun eelef Staaten gewonnen.

Dat ass also eng kloer Konfirmatioun fir d'Leader-Positioune vum Hillary Clinton an dem Donald Trump?

Jo, ganz kloer. D'Hillary Clinton war eigentlech scho vun Ufank un Favoritin, vun deem Moment un, wou si ugekënnegt huet, datt si wéilt Kandidatin sinn. A no dësem Super Tuesday ass si nach méi Favoritin. Beim Donald Trump ass et genau déiselwecht Geschicht. Et gesäit net sou aus, wéi wann nach een sech kéint an de Wee stelle vun enger Nominatioun vum Donald Trump am November 2016. 

D'Situatioun schéngt de Moment also relativ kloer?

Jo, wann d'Saachen sou bleiwen, da kënnt et zu engem Duell tëscht Trump a Clinton fir d'Wäisst Haus am November 2016.

Bei de Republikaner schéngt de serieuxsten Erausfuerder de Senateur Ted Cruz ze sinn, deen am wichtege Staat Texas gewonnen huet. Kann et da net sinn datt hien den Donald Trump nach eremkritt?

Déi einfach Äntwert ass: Nee. Den Ted Cruz ass net de Favorit vum sougenannten Esstablishment vun der republikanescher Partei. Den Establishment, dat sinn d'Politiker vun der Partei, déi grouss Memberen, déi déi theoretesch d'Tendenz vun der Partei entscheeden. A si hunn een aner Favorit wéi den Ted Cruz, nämlech de Marc Rubio. Mee hien huet awer just ee Staat bei dësem Super Tuesday gewonnen, an zwar Minnesota. An dat ass och deen eenzegen deen hie bis elo iwwerhaapt gewonn huet.

Den Ted Cruz huet der dräi gewonn, mee trotzdem gesäit et net sou aus, wéi wann hien den Donald Trump kéint iwwerhuelen. Dat ass och e Problem fir déi republikanesch Partei. Si wëll den Donald Trump u sech net als hiren Nominéierten. Mee d'Tatsaach, datt de Marco Rubio an den Ted Cruz nach ëmmer an der Course bleiwen, heescht, datt den Establishment hire Choix nach net geholl huet. 

Kann ee bei den Demokraten da soen, datt d'Course sou gutt wéi eriwwer ass?

Jo. Et kommen nach eng rei wichteg Virwahlen, dorënner déi am Bundesstaat Florida, wou vill Delegéiert ze gewanne sinn. Mee d'Hillary Clinton ass gutt organiséiert, a si ass natierlech ganz bekannt. Allerdéngs dierf een net vergiessen, datt de Bernie Sanders sech besser schléit wéi erwaart. Hien huet och vill Suen op senger Säit. Ganz vill Leit hunn him kleng Zommen, dat heescht datt hien nach ka weider Campagne maachen. Sue brauch een nämlech an den USA fir ze gewannen: et muss een Teleesreklamme maachen uechter d'Staaten an et muss ee vill reesen. De Bernie Sanders kann dat weiderhi maachen an hie bleift dowéinst och weiderhin an der Course. 

D'Gewënner vum Super Tuesday

  • Hillary Clinton (Demokraten): Texas, Tennessee, Virginia, Georgia, Alabama, Massachusetts, Arkansas
  • Bernie Sanders (Demokraten): Vermont, Oklahoma, Minnesota, Colorado
  • Donald Trump (Republikaner): Georgia, Alabama, Massachusetts, Virginia, Tennessee, Vermont, Arkansas
  • Ted Cruz (Republikaner): Oklahoma, Texas, Alaska
  • Marco Rubio (Republikaner): Minnesota

Den 8. Mäerz gëtt ënner anerem a Michigan a Missisippi gewielt an de 15. Mäerz a Florida an Ilinois. 

Lauschtert d'Gespréich tëscht dem Pierre Reyland an eisem USA-Korrespondent Philip Crowther: