Radioen

On air

Espresso Beats  |  Sharon Jones & The Dap-Kings - How Long Do I Have To Wait For You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Suspension de Prononcé fir den Antoine Deltour

Luxleaks Prozess

Suspension de Prononcé fir den Antoine Deltour

Fir den Antoine Deltour geet de Luxleaks-Prozess mat enger symbolescher Strof op en Enn - et wier eng Victoire, esou den Antoine Deltour an enger éischter Reaktioun, nodeems d'Uerteel am zweeten Appellprozess gesprach gouf. De fréiere PwC-Mataarbechter muss wéinst dem Klaue vu Formatiounsdokumenter de symboleschen Euro u säi fréiere Patron PricewaterhouseCoopers bezuelen.

auto_stories

2 min

De Parquet hat am Mäerz eng einfach Geldstrof vu manner wéi 1.500 Euro gefuerdert. Am Uerteel vum éischten Appellprozess waren et nach eng Prisongsstrof vu sechs Méint mat Sursis an eng Geldstrof vu 1.500 Euro.

D'Geriicht huet schlussendlech eng "suspension du prononcé" gesprach, esou wéi dem Antoine Deltour seng Verteideger et gefuerdert haten. Dat heescht, d'Geriicht huet vun enger Strof ofgesinn, den Antoine Deltour dierf sech awer während enger Proufzäit vun dräi Joer keng méi erlaben. Hie muss awer e symboleschen Euro u PwC bezuelen. Hie wier erliichtert, esou den Antoine Deltour.

C'est enfin une grande victoire, donc on va fêter ça avec joie et en tout cas ça nous fait que confirmer nos arguments depuis le départ. Donc il n'y a pas de surprise à ce jugement.

Den Affekot vum Antoine huet vun enger "flotter Aventure geschwat". Et kéint een net vun enger Strof schwätzen, "D'Strof ass jo suspendéiert ginn", seet de Philippe Penning. D'Geriicht hätt dem Antoine Deltour domat eng Chance ginn. Et wier eng "ganz weis Entscheedung" vun de Geriichter gewiescht, nodeems si dee "flotten Arrêt geholl haten, wou si him unerkannt hunn, datt hien e Whistleblower ass". Et hätt kee Sënn gemaach, wann d'Geriicht den Deltour elo nach wéinst Dokumenter géif bestrofen, "déi au bout du conte, jo guer keen interesséiert", sou de Philippe Penning.

Weider waarden op Whistleblower-Gesetz

Am Januar hat den Antoine Deltour schonn de Statut vum Whistleblower vum Kassatiounsgeriicht unerkannt kritt, well hien d'Steierrulinge bei der Auditsgesellschaft kopéiert an un e Journalist weiderginn huet. En Uerteel, dat dem Philippe Penning no nach laang wäert Welle schloen, op d'mannst bis en neit Whistleblower-Gesetz do wier.

D'Dokumenter, déi duerch den Antoine Deltour an de Raphael Halet ëffentlech gemaach goufen, hu bekannt gemaach, datt grouss international Konzerner zu Lëtzebuerg nëmme ganz wéineg oder guer keng Steiere bezuelen.

D'Kassatiounsgeriicht hat den 11. Januar d'Uerteel géint den zweete fréiere PwC-Mataarbechter Raphael Halet confirméiert. Him war de Statut vum Whistleblower net unerkannt ginn. Fir den Halet ass déi nächst Etapp dat Stroossbuerger Mënscherechtsgeriicht.


De Bäitrag vum Fanny Kinsch am Panorama vun 18 Auer:

Lauschterenplay_arrow