Dem Ammar Abd Rabbo seng photographesch Aarbecht ënnerscheed sech – eegenen Aussoen no - vun de Biller, déi an de Medien uechter d’Welt zirkuléieren. De Fotograf dokumentéiert manner den Ausmooss vun der Zerstéierung. “Ech interesséiere mech méi fir d’Mënschen, fir déijéindeg, déi nach op der Plaz sinn an trotz allem versichen ze liewen, ouni Waasser, ouni Elektresch, a mat de wéinege Liewensmëttel, déi vu baussen era kommen.”
Aleppo ass eng vun den eelste Stied a Syrien. "Wéinst der Citadelle an och dem Souk, eng aussergewéinlech Stad", fënnt den Ammar Abd Rabbo. D’Populatioun selwer géif hien inspiréieren. D’Leit hätte sech un de Krichszoustand gewinnt, sech der Situatioun ugepasst, Schoulen a Kliniken opgemaach. “Trotz allem vertrauen d’Leit an d’Zukunft. Si laachen, si erfannen eng Aart a Weis fir d’Stad ze verwalten, botzen hire Quartier. Well et keng Gemeng méi gëtt schafen se eng nei, a sou weider”.
"Dat ass den Zoustand vun der Press"
Den Ammar Abd Rabbo bedauert, datt d’Medien nëmme wéineg vu senge Fotoe vun Aleppo aus de Joeren 2013 an 2014 publizéiert hunn. Vill Zeitunge géife seng Clichéen zwar interessant fanne mee net sensationell genuch, sou de Fotograf. “A Bezuch op Syrien huet een éischter d’Tendenz iwwert de sougenannten Islamesche Staat an deem seng Ausschreidungen ze schwätzen. Fir vill Redaktiounen ass et manner interessant wann eng Schoul opgeet, wann d’Joffer ënnert de Bomme schoul hält. Dat ass den Zoustand vun der Press. Ech bedaueren dat”.
De syresche Fotograf hofft, datt d’Populatioun zu Aleppo an och am Rescht vu Syrien an den nächste Joeren nees zur Rou ka kommen an hiert Liewe sech verbessert.