Table Ronde Cannabis Bündnis

CANNABIS.jpg

(Photo vum Paul Matzet)

Zanter deem d’Cannabis Bündnis d'läscht Joer gegrënnt gouf, ass d’Diskussioun ëm eng Legaliséierung vun der Substanz rëm en Thema an der Gesellschaft. Wou ass een drun bei de wëssenschaftleche Kenntnisser a wéi steet et um politesche Plang hei zu Lëtzebuerg? Op enger table ronde am Exit 07 (den 3. Februar), organiséiert vum Cannabis Bündnis, hunn Experten a Politiker sech mat deene Froe beschäftegt.

Eens ware sech d’Politiker an d’Experten um Terrain, virun allem op engem Punkt: sou wéi d’Drogepolitik am Moment ass kéint et net weidergoen.

D'DP well elo an den nächste Wochen a Méint sech intensiv mat der Thematik vum "medizinesche Cannabis" beschäftegen, esou de liberalen Députéierte Max Hahn. D'LSAP-Députéiert Cécile Hemmen huet hirersäits d'Experten an eng Chamber-Gesondheetskommissioun invitéiert, fir ënnert anerem iwwert d'Präventioun Erklärungen e ginn.

Den Dossier vum Dag mam David Winter:

 

Den éischten Deel vun der table ronde mat: Jean-Paul Nilles (CePT, Centre de Prévention des Toxicomanies), Jean-Nico Pierre (Jugend- an Drogenhëllef), René Meneghetti (IMPULS) a Nico Wagener (Entrepreneur):

 

Den zweeten Deel vun der table ronde mat: Martine Hansen (Députéiert, CSV), Max Hahn (Députéierten, DP), Cécile Hemmen (Députéiert, LSAP), Josée Lorsché (Députéiert, Déi Gréng), Guy Bouchard (ADR, President Bezierk Süden) an David Wagner (zukünftegen Députéierten vun Déi Lénk):

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen