Table Ronde: “Wéi eng Plaatz fir di Jonk vun haut an der Aarbechtswelt vu muer?”

De Lycée Ermesinde huet de 05. Mäerz zesumme mam Radio 100,7 am Kader vun der “Journée de l’orientation” fir Schülerinnen a Schüler eng table ronde organiséiert. Titel vun der Gespréichsronn war “Wéi eng Plaatz fir di Jonk vun haut an der Aarbechtswelt vu muer?” Am ganze sechs Invitéeën - Experten a Kenner vun der Aarbechtswelt zu Lëtzebuerg - hunn de Schüler aus dem Lycée zu Miersch d’Realitéite vun der Aarbechtswelt méi no bruecht a versicht ze erkläre, wouropper et bei der Sich no enger passender Aarbecht an der haideger Zäit ukënnt.

Déi Zäiten wou een direkt eng Aarbecht kritt ouni grouss Ustrengung, déi si wuel definitiv gezielt, sou alleguerten d’Invitéeë vun der Table ronde. Et ass een awer iwwer d’Bänk ewech optimistesch: eng arabescht ze fanne gëtt net ëmmer méi schwéier, mee och Lëtzebuerg muss sech den Bedingungen upassen.

Invitéë waren d'Direktesch vun der ADEM, d'Isabelle Schlesser, den Direkter vum Lifelong Learning Center vun der Chambre des Salariés, de Roger Melmer, de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun, de Romain Schmit, den Direkter vun den affaires économiques bei der Chambre de Commerce, de Marc Wagener, d'Direktesch vun der ASBL jonk Entrepreneuren, d'Stéphanie Damgé an de Grënner an Direkter vun der Firma "Moast", de Pit Maas.

Den Dossier, zesummegestallt vum David Winter:

Net verpassen

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen