Radioen

On air

Tockcity  |  Bodega - Cultural Consumer III

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Tabubrëch" vum Chef vun de Katholiken

"Amoris Laetitia"

"Tabubrëch" vum Chef vun de Katholiken

Dem Poopst François säin Dokument "Amoris Laetitia" iwwert d’Freed vun der Léift, dat ee Freideg public gemaach gouf, wier u sech revolutionär, seet d’Milly Hellers, Kierchebeoptragt fir d’Pastoral Famill. De Poopst François huet an deem Dokument de gescheete Koppelen oder de Koppelen, déi net bestuet sinn, eng Hand gereecht.

auto_stories

3 min

Milly Hellers

"Revolutionär ass schonn, datt de Poopst François, ganz am Ufank vu senger Responsabilitéit, d’Famill zum Thema mécht", sou d’Milly Hellers. D’Famill wier d’Fundament vun der Gesellschaft a vun der kathoulescher Kierch, an dat wat bis elo kiercherechtlech an theologesch een Tabu war, géif de Poopst differenzéiert ugoen. "Koppel sinn, bestuet sinn, ass ganz villfälteg, huet mat Liewen a mat Etappen ze dinn, an do ass d’Kierch net Här a Meeschter iwwert alles."

Et wier een dann net an engem Gesetzeskodex oder an enger Ideologie, mee am Liewen an an der Praxis. An do wier d’Kierch net Proprietaire vun allem. De Poopst géif biblesch fundéiert erklären, datt am Fall vu Schwieregkeeten an der Koppel een net gescheet mat gescheet kéint vergläichen. Et wier och net un der Kierch dat ze jugéieren. "Eng Ausso, déi een Tabubroch duerstellt", esou d’Kierchebeoptragt fir d’Pastoral Famill.

Schutz a Respekt vun homosexuelle Koppelen

Wat homosexuell Koppelen ugeet, géif de Poopst kloer a sengem Dokument "Amoris Laetitia" soen, datt hien et wichteg fënnt, datt homosexuell Koppele geschützt a respektéiert ginn. Virum Hannergrond vu Famill a Koppel hätt dat awer mam theologesche Bild ze dinn, wat d’Kierch ënnert enger Koppel versteet. D'Zil vun enger Koppel wier den Accueil vum Drëtten, d’Fruchtbarkeet, d’Kand. "Dat bleift bei enger homosexueller Koppel esou net méiglech", esou d’Analys vum Milly Hellers.

Datt de Poopst François déi erotesch Dimensioun vun der Léift, als "Gabe Gottes" bezeechent, wier ee weideren Tabubroch. "Hien erkennt d’Léift, d’Erotik, d’Zäertlechkeet, als eng héchst Form vu Sprooch an enger Bezéiung un, an dat ass sécherlech revolutionär", esou d’Milly Hellers. Et wier och keen Zoufall, datt hien dat Dokument "Amoris Laetitia" genannt huet, dat heescht d’Freed an der Léift.