Radioen

On air

Kultur um 5  |  Ausbléck op den TalentLab 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Taktesch usprochsvoll

Schach

Taktesch usprochsvoll

Et ass wuel eng vun de Froen, déi de Schach nach ëmmer begleet hunn: ass et e Sport? Jo soen zwee Spiller, déi selwer Schach spillen. Vläicht wier et kierperlech net ustrengend, dofir bräicht een awer mental vill Ausdauer.

auto_stories

2 min

A genau dofir misst ee physesch fit sinn, seet den Yves Miltgen. Vill vun de Schach-Groussmeeschter géife Sport niewelaanscht maachen an hätte vill Ausdauer, fir déi laang Partien duerch ze halen. Fir de Schach géif ee säin "stäerkste Muskel" trainéieren, sou nach den Ivan Popov, also d'Gehier.

De Schach ass extrem taktesch an d'Virbereedung op e Match géif ëmmer méi wichteg ginn. An do kéint een op Datebanken zeréck gräifen, seet den Ivan Popov.

"Et gëtt eng Database, an där alleguerten d'Partië vum Championnat dra sinn. Do kann een dann no engem Numm sichen an do sinn dann d'Spillzich vum Géigner dran an et gesäit een zum Beispill wéi hie géint dës spezifesch Variant gespillt huet."

Och wann déi Virbereedung schonn heiansdo extrem géif ginn, wier de Schach trotzdeem net langweileg, soen déi zwee jonk Schachspiller, et misst ee wärend dem Spill, ëmmer nees mat enger neier Situatioun ëmgoen an dat wier interessant.

A Schach spille bréngt och vill Virdeeler seet den Ivan Popov.

"Däi logescht Denke gëtt extrem staark trainéiert a virun allem deng Memoire, well s de alleguerten d'Erëffnungen auswenneg léiere muss. Dat hëlleft generell beim léieren an a Fächer wéi Mathé. Wann s de gutt am Schach bass, bass de normalerweis och gutt an der Mathé."

Datt et déi Virdeeler gëtt, géif net jiddweree wëssen, seet de jonke Schachspiller.

A generell huet de Schach net de beschte Ruff, grad ënner Jonke gëllt en éischter als langweileg. Mee soen, den Ivan an den Yves, se hätten d'Impressioun, datt dat géif besser ginn. An dach misst de Sport méi attraktiv fir Jonker ginn. Do wier eng Méiglechkeet de Sport fir déi Jonk opzelabberen, andeems een et zum Beispill erlabe géif, sech ze beweegen oder och mol an der Natur gespillt géif ginn. Esou kéinten d'Kanner och hir Energie lass ginn.